Im Zeichen der Flamme Lecture
This is the script for the lecture which I delivered on 8 March 2011 at the Centre national de littérature in Mersch, Luxembourg. For more information about the reedition, click
here.
Aleedung
"Keine Ecken, keine Ecken, in die nicht Flammen lecken!" Sou jäitzen d'Kanner begeeschtert an enger vun deenen éischten Szene vum Roman Im Zeichen der Flamme. Eng al Fra gëtt als Hex verbrannt, an d'ganz Stad Lëtzebuerg ass op de Been, fir dem Spektakel nozekucken. Dës Szen spillt am Ufank vum 17. Jorhonnert. Haut, am Ufank vum 21. Jorhonnert kucke mer zu Lëtzebuerg Hiriichtungen net op der Maartplaz no, mä mer gesi se, och quasi live, um Fernseh oder op YouTube. De Roman huet also näischt vu senger Aktualitéit verluer. Hexejuegde sinn och haut nach "brandaktuell".
1964, dräi Joer nodeems d'Buch eraus komm ass, schreift den Nic Weber datt de Roman "die Giftblase der Indifferenz aufriß [...] und damit eine notwendige Aufräumungsarbeit unternimmt". Wat fir eng Indifferenz dat prezis ass, a wat do soll opgeraumt ginn, geng ech haut den Owend gär méi am Detail kucken.
Fir datt de Virtrag och fir déi Leit verständlech ass, déi de Roman nach net gelies hunn, wäerd ech dobäi der Rei no duerch d'Geschicht goen, an anhand vun eenzelne Passagen verschidden Iddien erklären. An enger Stonn kann een natierlech net all d'Aspekter vun engem Wierk behandelen, duerfir huelen ech den Owend fënnef Themen eraus, déi mer wichteg schengen. Dat si konkret:
1. Humanismus a Géigner vum Hexewahn am 17. Jorhonnert
2. Een Diskurs iwwert d'Grënn vun den Hexeverfolgungen an Europa a virun allem bei eis
3. D'Folter am speziellen an d'Staatsgewalt am allgemengen. Dobäi ginn ech och méi am Detail drop an, wat fir e Bezuch de Roman zum 20. Jorhonnert huet.
4. Zivilcourage, oder och de Manktum dovun
5. A schliesslech als leschte Punkt d'Diskussioun iwwert d'Bildung vun der Fra am Roman.
Déi dräi lescht Theme sinn net nëmmen interessant an hirem historesche Kontext, mä virun allem wéinst hirer gesellschaftspolitescher Relevanz zu där Zäit, wou de Roman geschriff ginn ass, also Ufank vun de 60er Joren.
1. Géigner vun den Hexeverfollegungen
Déi éischt Szen vum Roman spillt am Haus vum Provinzialrot Van Roetern. De Provinzialrot, op franséisch Conseil provincial, war déi deemoleg Regierung am Herzogtum Lëtzebuerg. Et sinn 12 Réit ginn, déi sech zesummen ëmt d'Verwaltung an d'Justiz vum Land gekëmmert hunn.
Déi éischt Szen spillt also am Haus vum Provinzialrot an der Stad Lëtzebuerg. Eng Hex ass verbrannt ginn, a fir dat uerdentlech ze feieren huet de Van Roetern vill aflossräich Leit op en Iessen invitéiert. Och agelued ass de jonke Medizinstudent Johannes, dee mam Van Roetern sengem Meedchen, dem Elisabeth, freit.
De Johannes ass am Géigesaz zu deene meeschten Invitée keen Adelegen, mä de Jong vun engem Goldschmatt, also engem Handwierker. Hie studéiert Medezin zu Köln. An Däitschland ass hie mat modernen, opgeklärte Gedanken a Kontakt komm, an hien hält näischt vun den abergläubeschen Iddien, deenen en iwwerall zu Lëtzebuerg begéint.
Wéi si lo all beim Iesse setzen, kënnt et zum Eclat: de Johannes behaapt steif a fest, et genge guer keng Hexe ginn! Jiddereen ass schockéiert iwwert esou ketzeresch Gedanken, virun allem, wëll jo grad réischt eng verbrannt ginn ass.
Wéi geféierlech et ass, ëffentlech géint den Awerglaf ze argumentéieren, léiert de Johannes zwee Deeg méi spéit, wéi en am Gronn spazéiere geet. Ech liesen iech deen Extrait vir.
De Johannes gëtt e puer Woche laang agespaart a vun der Inquisitioun iwwert seng politesch a reliéis Astellunge befrot.
De Johannes ass en typeschen Intellektuelle vun der Neizäit: hien diskutéiert iwwer philosophesch Froen a wëllt seng Ëmwelt positiv veränneren. Dem traditionelle Geeschterglawe vun de Leit setzt hien Matgefill a Mënschlechkeet entgéint. Hien inspiréiert sech dobäi un Humaniste wéi de Montaigne. De blanne Glawen un Dogmen an Autoritéite soll doduerch ersat ginn, datt een nodenkt a Saachen a Fro stellt. De Johannes plädéiert als opgeklärte Mënschefrënd och fir nëtzlech Moossname wéi eng uerdentlech Kanalisatioun an Hygiène. A virun allem schwätzt hien decidéiert géint d'Hexeverfolgungen.
Effektiv ginn et am fréie 17. Jorhonnert vill Intellektueller, déi wéi de Johannes argumentéieren. Dee bekannteste Géigner vun den Hexeverfolgunge war de Jesuit Friedrich Spee.
De Friedrich Spee ass zu Kaiserswerth bei Düsseldorf gebuer. Mat 19 Joer ass en zu Tréier Jesuit ginn. 1627 huet en zu Köln um Kolléisch Schoul gehal. Also an där däitscher Stad, an där de Johannes zur selwechter Zäit am Roman Medezin studéiert. D'Tidick-Ulveling bréngt an hirem Roman déi zwee Gestalten zuguer zesummen. An zwar seet de Johannes op enger Plaz, de Spee wär e gudde Frënd vun him. Ech zitéieren aus dem Buch:
Lange Abende hindurch, wenn in Köln die Kameraden sich gesellig ergötzten, saß ich mit meinem Freunde Spee aus Kaiserswerth – einem angehenden Jesuitenpater – in diese Schriften vertieft.
De Spee huet ville Fraen a Männer, déi als Hexen ugeklot waren, vrun hirem Doud d'Beicht ofgeholl. Dobäi ass hien zu der Conclusioun komm, datt se alleguer, ouni Ausnam, onschëlleg wären. Deen eenzege Grond, firwat se alles zouginn hunn, war d'Folter beim Verhör. Hie kënnt also zu dem Schluss: Nicht Satan, sondern die Folter macht die Hexe!
Dëse Saz schreift de Spee a senger Cautio Criminalis, e Buch dat 1631 eraus komm ass. Cautio Criminalis heescht op lëtzebuergesch "Juristescht Bedenken", an zwar geet et do ëm d'Bedenken géint d'Hexeprozesser. D'Cautio Criminalis ass effektiv déi bekanntest Kampfschrëft géint den Hexewahn. Doranner schreift hien, Schold un de Verurteelunge wiren "die Habgier und angeborene Grausamkeit der Henkersknechte, [...] die Gewissenlosigkeit und das geradezu unerträglich rechtswidrige Verfahren vieler Verhörrichter."
D'Cautio Criminalis ass ageschlou wéi eng Bomm an huet zum Enn vun den Hexeverfolgunge bäigedro. Aleng am 17. Jorhonnert ass d'Buch 28 Mol nei opgeluecht a vill diskutéiert ginn.
Dem Spee selwer ass et net esou gutt ergaang: hien huet dat läscht Gelübd, fir Jesuitepater ze ginn, net däerfen ofleeën, an ass véier Jor drop zu Tréier un der Pescht gestuerf. Säi Graf, dat der hei gesitt, befënnt sech an der Jesuitekierch zu Tréier.
Och zu Lëtzebuerg hu Leit géint d'Hexeverfolgunge protestéiert. De bekannteste Lëtzebuerger Géigner vum Hexewahn war den Henri Gaderius vu Sterpenech.
A sengem Heemechtsduerf Sterpenech bei Arel hu se zuguer eng Strooss no him benannt, wéi een hei gesäit. De Gaderius war am Ufank vum 17. Jorhonnert Paschtouer zu Käerch an huet ëmmer erëm gepriedegt, datt "kheine zauberi in rerum natura seye". Den Här vun Elter haat deemols d'Herrschaft iwwer Sterpenech, an deem huet dat guer net gefall. Deen huet nämlech einfach déi Leit, déi him onbequem waren, zu Hexen deklaréiert a verbrannt. D'Geld an d'Lännereien, déi se hannerlos hunn, huet natierlech keen aneren wéi hie selwer agesäckelt.
Wéi de Paschtouer Gaderius a senge Priedegten ëmmer méi géint den Här vun Elter geschwat huet, huet dee probéiert, och hien als Hexemeeschter unzekloen. Mä de Gaderius konnt de Provinzialrot vu senger Onschold iwwerzeegen, an ass fräigeschwat ginn.
Historesch Gestalte wéi de Gaderius an de Friedrich Spee ware Virbiller fir d'Figur vum Johannes am Roman. Si weisen, datt et ëmmer Leit gi sinn, déi sech getraut hunn, géint d'Hexeprozesser ze protestéieren, an no an no hate se am 17. Jorhonnert och Erfolleg domat.
2. Grënn fir d'Hexeverfollegungen
Bei esou ville Géigner vum Hexewahn drängt sech d'Fro op, wéi et iwwerhaapt zu der Massenhysterie vun de Hexeverfollegunge komme konnt. D'Grënn dofir leien an der politischer Situatioun vun der Zäit.
D'éischt Halschend vum 17. Jorhonnert ass bestëmmt ginn vum Drëssegjährege Krich. D'Herzogtum Lëtzebuerg huet deemols zum Däitsche Räich gehéiert, dat der hei op der Kaart wäiss gesitt. Innerhalb vum Däitsche Räich war et en Deel vun de Spuenesch-Habsburgeschen Niederlande, dat sinn déi greng Gebidder uewe lénks. D'Habsburger a Frankräich waren deemols zwee grouss Muechten an Europa, déi allenzwee hier Lännereien vergréissere wollten.
1635 huet Frankräich den Habsburger de Krich erklärt. Déi franséisch Zaldote sinn a Lëtzebuerg agefall a hunn de Süde vum Land verwüst. Doropshin schéckt den däitsche Keeser Ferdinand II, en Habsburger, seng Truppen, fir Lëtzebuerg ze "befreien". Soubal déi däitsch Zaldoten iwwert der Musel sinn, mengen se, si wären a Frankräich, also a Feindesland, a fänken u mat plünderen. D'Lëtzebuerger ginn also net nëmmen vun enger, mä direkt vun zwou Arméie kujenéiert.
Dat war eng schlëmm Zäit fir d'Land. Ganz Dierfer gi verwüst, an d'Bauere verdriff oder ëmbruecht. Doduerch kënnt et zu enger schwéirer wirtschaftlecher Krisesituatioun. Et herrsche Chaos, Ënnerernährung a schlecht hygenesch Bedingungen. D'Situatioun vun de Bauere gëtt och am Roman detailléiert beschriff. D'Bauere sichen an der Stad Lëtzebuerg Asyl, mä gi vun der Regierung mat vague Versprieche vun Opbauhëllef erëm heem an hir futtis Dierfer geschéckt, och wann se do Doudesgeforen ausgesat sinn.
An esou enger Chaossituatioun hu Krankheeten natierlech e liicht Spill. An den Dokumenter aus där Zäit liese mer ëmmer erëm datt d'Maladie contagieuse ausbrécht. Domat war meeschtens d'Cholera oder d'Pescht gemengt.
Hei zum Beispill gesitt der en Akt vum Provinzialrot vum Dezember 1632. Doranner uerdnet hien un, wéinst der "maladie contagieuse" d'Diren owes zou ze halen a Bettler an aner suspekt Gestalten aus der Stad ze verjoen. Wann een enger Situatioun net gewues ass, sicht een ebe gär no engem Sündebock.
Anerersäits gëtt et och ëmmer Leit, déi vun der Angscht vun der Bevölkerung profitéieren, fir méi Muecht ze kréien. Dat waren deemols zum Beispill d'Hexekommissaren. Ee vun de fanateschsten Hexekommissare war den Dominikaner Heinrich Kramer, deen um Enn vum 15. Jh gelieft huet. Hien ass duerch de ganzen däitschsproochege Raum gereest, an huet iwwerall Hexeprozesser ugestëppelt.

De Kramer huet de Malleus maleficarum geschriff. Hei gesitt der en Holzschnëtt draus. Op däitsch heescht dat Buch den Hexenhammer. Dat ass déi bekanntest Schrëft iwwert d'Hexen. Am Hexenhammer erklärt hie genau, wourun een eng Hex erkennt, a wat se sou am Detail mat den Dämonen an Däiwelen dreift. Hie war esou obsédéiert vun deem Thema, datt vill vu sengen Zäitgenossen hien net ganz Eescht geholl hunn. Zum Beispill wollt hien enges Dags e groussen Hexeprozess zu Innsbruck duerchsetzen. De Bëschof an d'Majoritéit vun de Leit waren awer dogéint. Si konnten de Prozess verhënneren a hunn hien aus der Stad verdriff. De Bëschof schreift herno engem Frënd, de Kramer wär "in seinem Eifer ganz kindisch geworden." Doropshin ass de Kramer esou frustréiert, datt hie sech hisetzt, a säin Hexenhammer schreift. Dëst Buch ass a verschidde Kreeser mat Begeeschterung opgeholl ginn an huet mat dozou bäigedro, datt et zu de groussen Hexenverfollegungen an der fréier Neizäit komm ass.
Well d'Hexeverfollegungen sinn e Phänomen vun der fréier Neizäit, net vum Mëttelalter. Och am Mëttelalter sinn et scho vereenzelt Hexeprozesser ginn, mä déi si vill méi sele mat der Doudesstrof ausgaang. Duerch d'Reformatioun an d'Géigereformatioun am 16. Jorhonnert ass d'Relioun dann op eemol vill méi fanatesch a bluddeg ginn.
Historiker hunn héichgerechent, datt an Europa während dëser Zäit ongeféier 100.000 Leit wéinst Hexerei verurteelt gi sinn. Dovu sinn circa d'Halschend higeriicht ginn, e groussen Deel dovun am däitschsproochege Raum. D'Groussregioun Lëtzebuerg/Tréier/Loutréngen war eng vun den Héichbuerge vun der Hexeverfolgung.
Déi meescht Hiriichtunge sinn et an eiser Géigend zwëschen 1570 an 1635 ginn. D'Buch spillt also während der leschter grousser Well vun Hexeverfollegungen. An eiser Géigend ware gutt 80% vun de Beschëllegte Fraen. Am Roman gëtt der Kraiderfra Beate hiert Meedche Gritli ugeklot.
Mä fir éischt gi mer méi iwwert d'Beate selwer gewuer. Dem Beate säi Papp war Schoulmeeschter. Hien huet sengem Meedchen net nëmme Liesen a Schreiwe bäibruecht, mä och kritisch ze denken a Saachen ze hannerfroen. Hei en Extrait vun engem Gespréich tëschent dem klenge Beate a sengem Papp:
"Größe – Beate, worin besteht die Größe hoher Herrschaften?"
"In seidenen Gewändern!"
"Ei, du Dummerchen! Die Größe der einen besteht im Ducken der anderen. Je tiefer dieser sich bückt, je höher ragt der andere empor! – Und Zufriedenheit?"
"Zufriedenheit kommt nach einer süßen Mehlsuppe, wenn die Füße in warmen Socken stecken."
Der Vater streichelte ihr die Wange: "Das hast du brav gesagt! Kein Prediger bräuchte mit Höllenqual zu drohen, gäbe es genügend Suppe. Zusätzlich besteht Zufriedenheit darin, neidlos festzustellen, dass es nebenan üppiger zugeht. Lerne das mein Kind, und vom Fegefeuer – lass dich nicht beeindrucken. Es hat noch keiner die Nase hineingesteckt!"
Duerch esou Gedanken mecht sech de Schoulmeeschter bei den Autoritéiten onbeléift, an enges Dags gëtt hien aus dem Land verwiss. Kuerz drop stierwen dem Beate seng Mamm an säi klenge Brudder un der Pescht a säi Mann verongléckt nëmmen e puer Méint no der Hochzäit déitlech op der Aarbecht. D'Beate bleift aleng mat engem klenge Kand zréck. Hatt zitt an eng Häip um Rand vun der Stad a bréngt seng kleng Famill als Kraiderfra duerch.
Wann een d'Liewe vum Beate kuckt, erkennt ee vill Parallelen zum Liewe vun der Schrëftstellerin selwer, der Marie-Louise Tidick-Ulveling.
D'Schrëftstellerin ass 1892 gebuer. Wéi d'Beate ass si an enger biergerlecher Famill opgewuess – am Fall vun der Schrëftstellerin war et allerdings eng groussbiergerlech Famill. Hire Papp war Riichter a spéiderhi Präsident um Geriichtshaff zu Lëtzebuerg. D'Meedchen ass liberal erzu ginn. No der Primärschoul ass et an d'Sainte Sophie komm. D'Nonne waren awer guer net frou mat dem klenge Mimy. Virun allem déi Bicher, déi hatt gelies huet, hunn hinnen net gefall. Lauter sou sozial engagéiert Schrëftsteller wéi de Victor Hugo an de Friedrich Schiller. D'Nonnen hu gefaart, hatt hätt e schlechten Afloss op déi aner Schülerinnen a géing déi och nach derzou verleeden, esou Bicher ze liesen. Et kënnt zum Eclat, an d'Mimy verléisst schonn no e puer Méint d'Sainte Sophie a kritt Privatunterrecht.
Ee vun hire Privatprofesseren ass de spéideren Inneminister Nicolas Braunshausen. Hien huet herno op der Uni zu Lëk a Bréissel Psychologies-Coure ginn; si krut also bei him eng wierklech gutt fondéiert Ausbildung – grad esou wéi d'Beate am Roman vu sengem Papp zu engem selbstännegen a kritische Mënsch erzu ginn ass.
Vu jonkem un interesséiert sech d'Schrëftstellerin nieft der moderner Literatur och fir d'Politik. Si geet regelméisseg op de Krautmaart, a lauschtert de Chamberssëtzungen no. Si erzielt spéiderhin, wéi se méi wéi eng Kéier aus der Chamber eraus geflunn ass, wëll se mat hire kritesche Bemierkungen d'Sitzunge gestéiert huet.
Virum éischte Weltkrich studéiert d'Marie-Louise Ulveling ee Joer laang Literatur, Konschtgeschicht an d'Droit op der Universitéit zu Bonn.
Zu Bonn léiert si hire spéidere Mann Carl Tidick, en däitsche Schrëftsteller a Journalist, kennen. Och hei weise sech Parallelen zum Beate sengem Liewen: kuerz no der Hochzäit stierft hire Mann un Tuberkulos, an d'Schrëftstellerin kënnt mat hirem Meedchen, dem Adeline, vu Berlin rëm zréck op Lëtzebuerg. Fir d'éischt wunnt se rëm bei hiren Elteren, mä déi stierwen allenzwee kuerz drop. Deemols hätt et sech gehéiert, datt déi jonk Fra sech entweder erëm bestued hätt, oder bei hire Brudder wunne gaang wär. Mä d'Mimy decidéiert, eng Aarbecht op enger Bank unzehuelen an zitt mam Adeline an e klengt Apartement um Lampertsbierg. Och d'Beate bestued sech nom Doud vun hirem Mann net méi, a brengt sech an hiert Meedche Gritli selwer iwwert d'Ronnen.
3. Folter a Staatsgewalt
Dës autobiografesch Elementer deiten un, datt d'Buch net nëmmen einfach en historesche Roman ass. Am Géigendeel: d'Schrëftstellerin wëllt ganz aktuell Problemer opweisen. An dat bréngt eis zum drëtte Beräich vun dësem Owend: der Staatsgewalt an dem Bezuch zum 20. Jorhonnert.
Zu allen Zäite stoungen d'Riichtere vrun deem Problem, datt et schwéier ass, en Ugekloten derzou ze kréien, seng Schold ze gestoen. Mat engem Geständnes ass et awer vill méi legitim, een ze verurteelen. Fir dee Problem ze ëmgoen, huet een am Mëttelalter d'Gottesuerteel agefouert: de Beschëllegten huet missen en Test maachen, a je no Ausgank haat Gott hien fir schëlleg oder onschëlleg deklaréiert.
An der Neizäit ass dës Zort vu Rechtsprechung als barbaresch ugesi ginn. Fir dat ze änneren, huet de Keeser Karl V 1532 dat éischt allgemeng gültegt Strofgesetzbuch an Däitschland nidderschreiwe gelooss.
Dëse Rechtscodex war d'Peinliche Halsgerichtsordnung, déi der hei gesitt. "Halsgericht" heescht, datt et ëmt Verbrieche geet, déi mam Doud bestroft ginn. Op latäin huet de Rechtscodex Constitutio Criminalis Carolina oder einfach d'Carolina geheescht. Amplaz op d'Hëllef vu Gott ze vertrauen, haten d'weltlech Riichter elo selwer eraus ze fannen, ob e Mënsch schëlleg wär oder net. Si haten dobäi dräi Hëllefsmëttelen:
Éischtens: Indizien. Dat wichtegst Indiz war d'Hexemal. Wann de Beschëllegten e Schéinheetsfleck haat, ass dee gepickt ginn. Wann en net geblutt huet, war et wahrscheinlech en Hexenmal.
Dat zweet Hëllefsmëttel waren Zeienaussoen. Fir eng Hex ze verurteelen, hu missen zwee glaubwürdeg Zeienaussoe virleien. Mä schonn deemols war ee sech bewosst, datt Zeie sech ire kënnen oder aus eegenem Interessi Falschaussoe maachen. Den Idealfall an engem Prozess war dofir e Geständnes.
A fir dat ze kréien, konnt een op dat drëtt Hëllefsmëttel zréckgräifen: d'peinliche Befragung, also d'Folter. Peinlich heescht hei net, datt ee vun de Bedeelegte sech genéiert hätt, mä et kënnt vu "Pein", also kierperleche Wéi. Well bal kee Mensch einfach esou zougëtt, eng Hex ze sinn, ass d'Folter an der Praxis e feste Bestanddeel vum Hexeprozess ginn, an d'Zuel vun den "iwwerfouerten" Hexen ass rapid an d'Luucht gaang.
D'Mimy Tidick-Ulveling huet sech vill fir Lëtzebuerger Geschicht interesséiert. Um Schluss vun hirem Buch zielt d'Schrëftstellerin eng ganz Rëtsch Bicher an Artikelen op, déi se duerchgekuckt huet, éit se de Roman an Ugrëff geholl huet. Si wollt, sou wäit wéi méiglech, historesch akkurat sinn. An engem Interview beschreift se hir Recherchen folgendermoossen:
"Pour écrire Im Zeichen der Flamme, j'ai effectué des recherches dans les bibliothèques de Bruxelles, d'Arlon et de Luxembourg, et j'ai étudié des documents que mon arrière-grand-père avait rassemblés. Mais je me suis aussi promenée souvent dans les faubourgs de la capitale pour capter l'ambiance lointaine, mystérieuse, inquiétante de cette période sombre de notre histoire."
Den Urgrousspapp, deen se am Interview erniimt, ass de Jean Ulveling. Hie war Member vun der éischter Lëtzebuerger Regierung no der neier Verfaassung 1848, an ausserdeem Grënnungsmember vun der Archäologescher Gesellschaft. Fir d'Publikatioune vun der Archäologescher Gesellschaft huet hie vill Artikelen iwwert d'Geschicht vun der Festung Lëtzebuerg geschriff.
Vill Informatiounen iwwert d'Hexeverfolgungen zu Lëtzebuerg huet d'Schrëftstellerin an dem Nicolas Van Werveke sengem Wierk Die Hexenprozesse im Luxemburger Lande fonnt. De Van Werveke war e bedeitenden Historiker. No der Grënnung vum Meedercherslycée an der Stad Lëtzebuerg 1909 ass hien den éischten Direkter vun däer Schoul ginn. An Die Hexenprozesse im Luxemburger Lande zitéiert hien al Prozessakten, déi am Detail beschreiwen, wéi d'Folter vun den Ugekloten ofgelaf ass.
Zu Lëtzebuerg ware virun allem dräi Foltermethouden üblech: dem Ugekloten si schwéier Steng un d'Féiss gebonn ginn, an dann ass en un den Ärem erop gezu ginn. Oder e krut Daumeschrauwen ugedou, bei deenen d'Fangere zerquetscht gi sinn. Oder e krut eng brennend Fakel ënnert d'Féiss gehal.
Am Roman gëtt sou eng peinlech Befragung ausféierlech beschriff. Dobäi benotzt d'Tidick-Ulveling méi wéi eemol déi selwecht Ausdréck, déi se an den Original-Prozessakte beim Van Werveke fonnt huet.
No engem Onwieder gëtt dem Beate säi Meedchen, d'Gritli, beschëllegt, duerch Hexerei de Weess um Feld verduerf ze hunn. Dat sieschzengjährengt Meedchen gëtt an d'Dräi Tierm bruecht, déi deemols de Staater Prisong waren. Ech liesen elo en Extrait vum Gritli sengem Verhör vir.
Am Roman sinn et "
die verhassten Kommissare von jenseits der Mosel" déi de Prozess géint d'Gritli leeden. Den Ausdrock "
von jenseits der Mosel" weist op Däitschland hin, an erënnert 1961 nach un den Nazismus. D'Verfolgungen am Zweete Weltkrich waren och eng Hexejuegd, nëmmen datt d' "Hexen" deemols Jude, Kommunisten, Homosexueller oder aner onbequem Gruppe waren.
Lëtzebuerg war vun 1940-44 vun Däitschland besat. D'Haaptquartéier vun der Gestapo zu Lëtzebuerg war an der Stad an der Villa Pauly. Do si Leit verhéiert a gefoltert ginn. Och der Tidick-Ulveling hiert Meedchen, d'Adeline, ass an der Villa Pauly befrot ginn.
D'Adeline huet sech, wéi seng Mamm, an der Resistenz engagéiert. Zesummen hu se Pëlle verdeelt, déi Gielzecht ausgeléist hunn. Sou hu jonk Männer probéiert, laanscht de Wehrdienst ze kommen. Wéi d'Gritli am Roman, ass d'Adeline verhaft ginn an et sutz bis zum Enn vum Krich an däitsche Prisongen.
D'Gestapo, wéi och all anere Sécherheetsapparat, probéiert während dem Verhör, méiglechst vill Komplizen erauszefannen. Och d'Riichter am Roman wëllen d'Gritli dozou bréngen, seng Mamm mat eran ze zéien. Duerch d'Folter si vill Beschëllegter gezwong ginn, och Frënn a Familjememberen der Hexerei ze beschëllegen. D'Folter huet also e Schnéiballeffekt ausgeléist: Duerch eng eenzeg Uklo konnt et zu richtege Masseverurteelunge kommen.

Sou eng Massenhysterie beschreift och en anert Wierk aus der Zäit nom 2. Weltkrich, an zwar dem Arthur Miller säin Theaterstéck The Crucible. The Crucible heescht an der däitscher Iwwersetzung "Hexenjagd". D'Theaterstéck handelt vun engem bekannten Hexeprozess zu Salem un der Ostküst vun den USA. Um Enn vum 17. Jorhonnert sinn iwwer 150 Leit an dëser klenger Uertschaft wéinst Hexerei ugeklot ginn. Op mannst 25 dovu sinn erhaang ginn oder am Prisong gestuerf. 1957 ass d'Stéck an enger däitsch-franséischer Coproduktioun verfilmt ginn, mam Simone Signoret an Yves Montand an den Haaptrollen. Et ass héichst wahrscheinlech, datt d'Tidick-Ulveling dëse Film kannt huet. Hire Roman ass 4 Joer dono eraus komm, an net nëmmen d'Thema ass dat selwecht (also Hexeverfolgungen), mä och déi eigentlech Ausso vum Buch ass ähnlech.

Dem Arthur Miller säin Theaterstéck ass nämlech eng Uklo géint d'Kommuniste-Paranoia an den USA nom Zweete Weltkrich. De Senator Joseph McCarthy huet deemols Drock gemaach, fir angeblech Kommunisten an Amerika ze entlarven. Vill Kënschtler an Intellektueller si wéinst Landesverrot ugeklot ginn. Jidderee konnt potenziell e Spioun fir d'Sovietunioun sinn a géigesäitegt Mësstrauen a Paranoia hu sech breet gemaach.
Sou eng Stëmmung vu Paranoia gëtt och am Roman beschriff, an zwar dreift de Paschtouer de Leit Angscht mat senger Priedegt an. Ech liesen den Extrait vir.
Wachend oder schlafend, nie und nirgends ist man vor ihnen gesichert. Rief nicht bereits der Teufel: Ich heiße Legion, denn wir sind eine Unzahl! [...] Ritzt euch sie in die Haut, ihr Lauen und Verdammungswürdigen, die Zahl von 44.435.556! Das ist das Ausmaß der Gefahr, in der ihr lebt! [...]
Das blanke Entsetzen packte die Einwohner der stolzen Feste. Nicht allein beschuldigte jeder seinen Gegner, sezierte voller Misstrauen den ihm Unbekannten, es wurde der Freund dem Freund verdächtig, und furchtgelärmt wich man zurück vor dem eigenen Gedankengang. Jugendliche insbesondere wurden mit Gewissenserforschungen gepeinigt. Die Opferstöcke flossen über, die Bettler erhielten warme Suppen, die Lehrer straften ohne Nachsicht und die Meister züchtigten ihre Gesellen. Derweil häuften in den Kanzleien sich Denunziation und Anklage.
Nodiems d'Mimy Tidick-Ulveling a spéide Jore blann ginn ass an net méi schreiwe kann, hëllt se hir Gedanken op Kassetten op. Si erënnert sech dobäi ënnert anerem un Erliefnësser aus hirer Kandheet an un hir Erfahrunge mat der Kierch. Si seet op der Kassette:
"Vrun der Schreckensherrschaft vun den Nazien gouf et eng aner Schreckensherrschaft, déi vum Obscurantisme – trauregen, mä wirksamen Iwwerbleibsel vun der Inquisitioun. [...] An allen Ecken huet den Däiwel gespuckt, an alle Bicher luch en dran, et wosst ee sech net dergéint ze wieren."
D'Schrëftstellerin war awer net géint Relioun u sech, si bezeechent sech selwer als gleeweg Chrëschtin. Si huet z.B. och e puer Gedichter geschriff, an deene se sech domat ausenee setzt, datt all Mensch sech schlussendlech vru Gott ze verantworten huet. Wat si uprangert, ass net de Gottesglawen, mä datt verschidde Leit, Geeschtlecher oder net, de Leit mat der Relioun Angscht maachen, fir se ze manipuléieren.
Well Angscht ass eng staark Dreifkraaft. D'Angscht, déi d'Tidick-Ulveling ausgestan huet, wéi hiert Meedchen Adeline am Krich am Prisong soutz, spigelt sech am Roman am Beate sengem Versuch, d'Gritli ze retten. D'Beate geet bei de Provinzialrot a biedelt hien un, him ze hëllefen. Ech liesen deen Deel aus dem Roman vir:
Ich stelle einen Schuldschein aus, zahle zurück, arbeite umsonst. Liefere alles aus, was ich Geheimes an den Krankenbetten erfuhr." [...] Sie fasste seine steifen Rockaufschläge: "Sei doch barmherzig! Was ich ausstehe, vermag kein Sterblicher zu ertragen. Es gilt ja nur, eine Türe aufbrechen – es trennt mich ja nur eine Mauer von ihr. Stelle dir das doch vor: Du draußen in der Sonne, dein reichlich Brot in der Hand – ein Gefüge von Steinen, dahinter dein Kind – in Ketten, in Hunger und Kälte – in der Qual – der Folter – sei doch barmherzig!
4. Zivilcourage a Matleefer
D'Beate ass also bereed, alles ze maachen, fir hiert Meedchen ze retten. Och aner Leit dran ze zéien, hir Geheimnisser ze verroden, a sou eventuell Onschëlleger an de Prisong ze brengen. Aus Angscht a Verzweiflung gëtt se zum Matleefer vum Terror.
An domat komme mer zum 4. Thema vum Owend: D'Zivilcourage an d'Matleefertum. An deem Kontext wollt ech déi zwee wichtegst Autoritéitspersounen am Roman méi am Detail kucken.
De wichtegste Geeschtlechen am Roman ass den Abbé vun Neimënster. Am 17. Jorhonnert ass des Positioun vun engem illustre Personnage besat ginn: dem Pierre Roberti. Hien huet d'Abtei renovéiert an eng grouss Bibliothéik opgebaut. Mä am Roman gëtt den Abbé net mat Numm genannt. Net déi richteg historesch Persoun ass wichteg, mä d'Positioun vum Abbé vun Neimënster.
Am Roman ass den Abbé ass en intelligente Mann, mä e ried sech an, de Johannes wär e "Ketzer", fir datt hien him net hëllefe muss. Hie verstoppt sech hannert dem Argument, eng "höhere Macht", also Gott, géng decidéieren, wat richteg a falsch ass, an net hien, fir datt e keng Verantwortung iwwerhuele muss.
Den zweeten héichgestellte Personnage am Roman ass de Provinzialrot Philipp Van Roetern. De Van Roetern ass keng historesch Figur, et ass kee Provinzialrot ginn, deen esou geheescht huet. Den Numm ass vermutlech inspiréiert vum Philipp von Soetern, deen zu där Zäit Kurfürst vun Tréier war an an der Stad Lëtzebuerg en Haus haat. Och hei ass also net den historesche Personnage wichteg, mä de Van Roetern steet fir den Typus vum aflossräiche Politiker, vum Regierungschef, deen d'Muecht am Staat huet.
Och de Provinzialrot gräift net an, wéi d'Gritli an de Johannes festgeholl ginn. Hie verstoppt sech net hannert Gott, mä hannert de Gesetzer. D'Gesetzer musse blann befollegt ginn: "Schuldig oder nicht, steht nicht zur Frage," äntwert hien dem Beate, wéi hatt säi Kand rette wëllt.
An engem Gespréich zwëscht dem Abbé an dem Van Roetern gëtt d'Denkweis vun dësen zwee Machtmënschen däitlech. Ech liese vir:
Dann faltete der Abt die Hände: "Lasset uns zusammenfassen, Herr Provinzialrat! Die Rechtspflege, die ihrem Ressort untersteht, basiert, irre ich nicht, auf der Carolina?"
"Allerdings. Immer noch. Dem peinlichen Vermächtnis des großen Kaisers, Karls des Fünften, durch einige Verordnungen Philipps des Zweiten ergänzt." [...]
"Vermögen Sie an der Auslegung oder Ausführung des Textes etwas zu ändern, Herr Rat?"
"Ich? Der van Roetern aus dem heiligen Geist? Beim Himmel, das vermag ich nicht!"
"So befinden wir uns in analoger Lage. Auch Hexenhammer und Bullen führen eine klare Sprache, und kein Vernünftiger kann annehmen, der Abt einer Luxemburger Abtei könne daran ein Komma außer acht lassen!" [...]
In dem festen Händedruck, mit dem sie schieden, lag ein schwerwiegend Verstehn.
Déi zwee Pilieren vun der Gesellschaft am fréien 20. Jorhonnert, d'Biergertum an d'Kierch, verstoppe sech also hannert Unuerdungen, fir hir Machtpositiounen ze halen. Amplaz Zivilcourage ze beweisen, ginn déi etabléiert Machthaber am Roman zu Matleefer a Komplize vum Terror. Ganz am Géigesaz zu der jonker Generatioun, déi wéi de Johannes fir hir Idealer kämpft.
D'Tidick-Ulveling plädéiert net nëmme fir Zivilcourage an hirem Roman, si lieft et och aktiv vir. Am Zweete Weltkrich verléiert se zwee Mol hir Aarbecht, well se seet, wat se denkt. Si engagéiert sech an der Resistance an setzt sech bis zu hirem Doud 1989 fir Pazifismus a sozial Gerechtegkeet an. Hiert Medium fir dat ze maachen, ass d'Schrëftstellerei. Nieft hire Romaner schreift si Kuerzgeschichten a Gedichter fir Zäitschrëften, virun allem fir d'Cahiers luxembourgeois, a si mecht Radiosemissiounen op RTL.
An dësen Emissioune schwätzt se ëmmer erëm géint aktuell Mësstänn an der Welt, géint Kricher, Grausamkeet an Onmënschlechkeet. Ee Manuskript vun esou enger Radiossendung kënnt der, wann der herno Loscht hutt, dobaussen an der Vitrin gesinn. Et heescht "Schach der Grausamkeet". Wat kann ee Mensch aleng géint d'Grausamkeet maachen, déi all Dag an der Welt geschitt? Esou onbequem Froe stellt sech d'Schrëftstellerin ëmmer erëm. Fir si bidden net déi offiziell politesch Machtstrukturen d'Léisung, mä d'Emanzipatioun an d'Eegeverantwortung vun all eenzelne Mensch.
D'Tidick-Ulveling war och Mataarbechterin vun der Kulturbäilag vum Tageblatt, dem Phare. An de 60er Jore gëtt am Phare eng Debatt doriwwer gefouert, wéi Lëtzebuerg sech sozial a kulturell entwéckele soll. D'Mataarbechter vum Phare fuerderen eng Moderniséierung vun der Gesellschaft, eng nei Bildungspolitik an d'Gläichstellung vu Mann a Fra. All Mënsch soll sech sou wäit wéi méiglech emanzipéieren an e verantwortungsvolle Bierger ginn. D'Warte, also d'Kulturbeilag vum Luxemburger Wort, hält dogéint un den traditionelle Geschlechterrollen a gesellschaftleche Strukture fest.
D'Tidick-Ulveling positionéiert sech mat hiren Iddien also am progressive, lénke Camp. Dozou passt, datt si an hirem Wierk keng Schwaarz-Wäiss-Molerei mécht. Amplaz Feindbiller ze iwwerhuelen, plädéiert se fir Verständnes. Sou steet zum Beispill Däitschland am Roman fir zwee ganz géigesätzlech Iddien:
Engersäits kommen d'Hexekomissare "von jenseits der Mosel". Däitschland ass dat Land, dat Lëtzebuerg zwee Mol bannent 30 Jor besat huet, an déi däitsch Besatzer hunn der Tidick-Ulveling hiert Meedchen an de Prisong gehäit. Anerersäits ass de Johannes an Däitschland mat modernen, humanisteschen Iddien a Kontakt komm. Däitschland steet also fir Kultur a Weltoffenheet. D'Schrëftstellerin selwer appreciéiert déi däitsch Kultur a Literatur, si huet zu Bonn studéiert an do hire Mann kennegeléiert.
Och d'Personnagen am Roman sinn net einfach an "déi Gutt" an "déi Béis" opgedeelt. De Van Roetern an den Abbé sinn net couragéiert, mä et kann een novollzéien, firwat se esou handelen. Et gi keng kloer Helden oder Bösewichte, all Personnage gi realistesch a mat mënschleche Feler duergestallt. Och d'Figur vum Beate, déi vill vun der Schrëftstellerin selwer huet, gëtt net nëmme positiv gewiss.
D'Angscht ëmt hiert Meedchen méecht d'Beate am Roman verréckt. No der Folter gëtt d'Gritli verurteelt an als Hex ëffentlech verbrannt. Well de Van Roetern net agegraff huet, wëllt d'Beate, datt hien grad esou leid wéi hatt. Well d'Gritli huet misse stierwen, wëllt hatt och dem Elisabeth säi Liewen zerstéieren. Mä engem Provinzialrot säi Meedchen ass fir d'Beate net ugräifbar. Duerfir beschëllegt hatt dem Elisabeth säi Verlobten, de Johannes, en Hexemeeschter ze sinn. D'Tidick-Ulveling weist hei déi ganz Grausamkeet vun Terrorsituatiounen: jidereen ass leschten Enns derzou fäheg, schrecklech Saachen ze maachen.
De Johannes gëtt als Hexemeeschter ugeklot. Hien ass also mat senge revolutionären Iddie gescheitert. D'Schrëftstellerin weist eis hei: Mam Kapp duerch d'Mauer fonktionéiert net.
5. Fraëbildung
De Fernand Weirich nennt d'Tidick-Ulveling 1983 "die Dame der luxemburgischen Literaturszene". Si seet hir Meenung, mä bleift dobäi ëmmer sachlech a roueg. D'Ideal ass fir si dofir net e Revoluzzer wéi de Johannes, mä éischter seng Verlobt, d'Elisabeth. An domat komme mer zum leschten Thema fir dësen Owend: d'Bildung am allgemengen, an d'Fraëbildung am besonneschen.
D'Elisabeth ass am Ufank e verspillt Meedchen, dat dovun dreemt, de flotte, jonke Medezinstudent Johannes ze bestueden. Mä am Laf vum Roman emanzipéiert hatt sech vun den Erwaardunge vu senger Famill, a gëtt zu enger couragéierter jonker Fra. Hei eng Szen tëschent dem Elisabeth a sengen Elteren.
Dem Elisabeth seng Mamm seet: "die gelehrten Priore und Priorinnen wissen am besten, wen sie instruieren sollen." Schon am 17. Jorhonnert hält d'Kierch un hirem Monopol op der Schoulbildung fest. Den Abbé Pierre Roberti setzt zum Beispill duerch, datt nieft de Klouschterschoule méiglechst wéineg aner Schoule vum Staat approuvéiert ginn.
Am 19. Jorhonnert huet d'Kierch dann déi gréisste Muecht iwwert d'staatlech Schoulen. De Paschtouer kritt d'Recht, dem Schoulmeeschter e "Moralitéitszeugnis" auszestellen. Dëst decidéiert an der Realitéit, wien an engem Duerf däerf Schoul halen, a wien net. Den Obscurantisem, deen d'Schrëftstellerin op der Kassette beklot huet, ass bis wäit an d'20. Jorhonnert an der Schoul aktiv: wéi d'Mimy an der Sainte Sophie gewuer gëtt, däerfe nach laang net all Bicher gelies ginn – an de Paschtouer ka jidderzäit an der Klass kontrolléieren, wat de Schoulmeeschter senge Schüler erzielt.
D'Bildung vun de Meedercher soll se an éischter Linn op hir Roll als Hausfra a Mamm virbereeden. Ufank vum 20. Jorhonnert duerften d'Meedercher zu Lëtzebuerg net an d'staatlech Lycée goen. Wann een als Meedchen no der Primärschoul weider léiere wollt, huet ee missen an eng privat, meeschtens kathoulesch, Schoul goen. Mat deem Ofschloss konnt een awer net studéieren. Et huet ee fir d'éischt missen eng Ausbildung als Léierin, an dann als Uewerléierin maachen, a mat deem Diplom konnt een dann endlech op eng Uni. Et war also kee Wonner, datt bal keng Lëtzebuergerin vrum éischte Weltkrich studéiert huet. D'Mimy Tidick-Ulveling selwer war nëmmen als "freie Hörerin" op der Universitéit zu Bonn zougeloss, a mat deem Statut konnt si keen Ofschloss maachen.

1909 hunn e puer engagéiert Bierger, ënnert anerem d'Aline Mayrisch, e private Lycée fir Meedercher gegrënnt. Obwuel d'Kierch an d'Rechtspartei dogéint waren, krut de Lycée direkt am éischte Jor sou vill Zoulaf, datt en 1911 vum Staat iwwerholl ginn ass. Mä och du war de Programm vun de Jongen- a Meedercherslycéeen nach net dee selwechten. Dëse Mësstand ass am Phare diskutéiert ginn, an eréischt 1969 ass d'Co-educatioun zu Lëtzebuerg agefouert ginn. D'Fro, wien wat léieren dierft, war also zur Entstehungszäit vum Roman topaktuell.
D'Elisabeth iwwerleet, wéi hatt de Johannes aus dem Prisong eraus kritt. Rationell Argumenter déngen näischt, biedelen an un d'Matleed appeléieren, déngt och näischt. Schliesslech gräift hatt zu enger Lëscht. Hatt denkt sech: D'Leit sinn eben awergleewech, an dat kann ee sech zu Notz maachen: An der Nuecht klëmmt hatt op d'Festungsmauer, an eng wäiss Decke vermummt, an hëfft d'Hänn ukloend an den Himmel. D'Leit mengen, et wär een Engel, dee fir de Johannes plädéiert! Dat mécht hinnen Angscht, well wann Engelen sech amëschen, da muss hie jo bal onschëlleg sinn.
Elisabeth gëtt sech also net mat senger Roll als Meedche vun engem aflossräiche Mann zefridden. Hatt huet als Fra net déi gesetzlech Fräiheeten, déi de Provinzialrot an den Abbé zu aflossräiche Leit maachen. Mä am Géigensaz zu hinne verstoppt hatt sech net hannert Virschrëften an Traditiounen – hatt hëlt säi Liewen selwer an d'Hand. Domat beweist hatt innerlech Fräiheet, déi eleng et leschten Enns erméiglecht, e selbstbestëmmt Liewen ze féieren.
Ofschloss
Den Abbé gesäit d'Elisabeth op der Festungsmauer stoen. "Und dann, bei Tagesgrauen, sprach der Abt im Rathaus vor," heescht et op der läschter Säit vum Roman. Wat den Abbé mam Van Roetern beschwätzt, gi mer net gewuer, mä de Johannes gëtt an e Klouschter an Däitschland verfracht, wou en zréckgezu vun der Welt lieft. Hien huet opginn, seng Hoffnungen op Verännerung si gescheitert. Soss huet hien dem Elisabeth Bréiwer voller Energie a revolutionären Iddien geschriff, mä a sengem leschte Bréif stoung nëmmen: "Geh mit den andern!"
Geh mit den andern! Dat ass en Opruff, keng eege Meenung ze weisen: Maach wéi d'Leit, da geet et der wéi de Leit. Mä grad dat mécht d'Elisabeth eben net.
An der leschter Szen gesi mer d'Elisabeth a senger Schlofkummer stoen, mat dem Johannes senge Bréiwer am Grapp. Ech liesen de Schluss vum Roman vir:
Einsam indes wie Verlassene oder wie Engel auf Erden sind, bemeisterte Elisabeth erst bei dämmerndem Tag ihre Tränen. Sie entschlüpfte der blauseidenen Decke, las die teuren Brieflein durch, sonderte das letzterhaltene ab, und barg die übrigen wieder, liebevoll darüberglättend, im Kissenbezug. Dann zündete sie ungeachtet des ansteigenden Frühlichts eine Kerze an, zog festen Griffs die Vorhänge von dem Fenster, das Beate einst so eigenmächtig geöffnet hatte, und stieß die Flügel weit auf.
"Geh mit den andern", noch hielt sie den Zettel mit dieser Botschaft in der Hand, wartete, bis in voller Verheißung das Morgenlicht hervorbrach, und hielt ihn dann an die schwankende Flamme.
An dëser Szen komme vill Motiver vu virdrun erëm. D'Elisabeth huet geléiert, wat de Johannes an d'Beate de Leit wollte bäibrengen: d'Fënster oprappen a frësch Loft eraloossen. Mat der Flam, déi virdrun Hexen verbrannt huet, gëtt elo den Ziedel verbrannt, deen Angscht maache wollt.
Interessanterweis gëtt d'Elisabeth och nach an zwee anere Wierker vum Mimy Tidick-Ulveling erwähnt. Im Zeichen der Flamme ass zouzesoen den éischten Deel vun enger Familjesaga. Am Roman Verworrene Wege erzielt d'Schrëftstellerin, wéi d'Urenkele vum Elisabeth während der Napoleonescher Besatzungszäit zu Lëtzebuerg liewen. An an der Geschicht Erben sinn et erëm deenen hir Urenkelen, déi während den zwee Weltkricher zu Lëtzebuerg liewen. Ëmmer erëm sinn et jonk Leit, déi couragéiert fir hir Idealer kämpfen, déi Verantwortung iwwerhuelen an e selbstbestëmmt Liewe féiere wëllen.
Wéi also den Nic Weber gesot huet, ass Im Zeichen der Flamme e Versuch, "d'Gëftblos vun der Indifferenz" géinteniwwer vun aktuelle Problemer opzerappen, fir Mënschlechkeet a Verständes un d'Wonn ze loossen. Op een nom Liese vum Roman mat der néideger Opraumaarbecht a sengem Kapp ufänkt, muss jidderee selwer décidéieren. Ech soen Iech op alle Fall merci, datt der nogelauschtert hutt.
Von der Bießerbrücke her tönendes Gejammer lenkte sie dort hin. An der Brüstung lehnte eine junge Frau, bedeckte das Gesicht mit den Händen: "Mein Fränzi, mein Fränzi!"
Nach wiederholtem Erkundigen entnahmen sie dem unklaren Redeschwall, der Kleine der Frau sei auf der Treppe gestürzt und läge im Sterben. Der Pfarrer sei bereits da gewesen, sowie die Kräuterbeate. Und ganz unmöglich wäre er von alleine gefallen, der flinke Bub, eine Treppe, die er mehr denn hundert Mal hinabgesprungen! Sonder Zweifel wäre es ein Streich vom Stierchesgeist, der sein Unwesen treibe, bis der in letzter Minute von der Feuerliese Behexte im Turm säße. Erst am Sonnabend habe er in Gestalt eines Riesenfasses einem heimkehrenden Arbeiter die Brücke versperrt.
"Führt mich zu dem Knaben," unterbrach Johannes, "vielleicht kann ich helfen, ich verstehe mich darauf."
Unwillig und misstrauisch, wenngleich ohne Zögern, brachte die Mutter, die vorgab, das Röcheln nicht mit anhören zu können, ihn in einem schmalen Häuschen in eine noch schmalere Kammer, feucht und trüb, in welcher der Kleine, von zahllosen Decken umhüllt, keuchend um Atem rang. Die schlechte Luft behinderte einen Gesunden. Stellenweise zeigte sich an der Wand grünlicher Schimmel.
[...]
Wenig Hoffnung schien ihm vorhanden. Die Brust zerquetscht. Frisch duftende Kräuter, traurig ausgebreitet wie Totenblumen, brachten gelinde Erleichterung, ebenso ein Krug mit Pfefferminztee. Johannes faltete die Decken, die den Jungen bedrückten, zur Rolle und schob sie ihm, unbekümmert um alles, was darauf herumkroch und hüpfte, unter den Kopf. Dann bat er die Mutter, das Fenster zu öffnen und ihm ein in Wasser getränktes Linnen zu bringen.
Die Frau verneinte. Wasser sei keins vorhanden, sie könne später jedoch welches holen, aber das Fenster gehe nicht auf.
Beim Nachprüfen fand Johannes dasselbe tatsächlich mit Fetzen verstopft, die er geduldig zu entfernen begann.
"Nicht doch, nicht doch! So kann ja jede Seuche herein und der böse Geist der letztverbrannten Hexe! Das Kind ist krank genug!"
"Beruhigen Sie sich, liebe Frau", behutsam stieß er die schmierigen Scheiben auf, "zu diesem Fenster kann keine Krankheit herein und die Feuerliese ist doch tot!"
"Aber ihr höllisch Vermächtnis ist noch nicht eingefangen."
"Es kommt einzig bessere Luft herein, die Ihrem Kleinen atmen hilft." Er fügte einige unüberzeugte Trostesworte hinzu und ging.
[...]
"Warum hast du das Fenster geöffnet?" – Eine Hand legte sich auf seinen Arm. Beate sah ihn an. "Und hast du meine Kräuter liegen lassen?"
"Soll ich einer Unbekannten Rede stehn?"
"Ich bin die Beate und du der Johannes vom Goldschmiedemeister. Vor Jahren heilte ich dir einen Hundebiss in der Wade. Weißt du nimmer?" Unverblümt musterte sie ihn. "Bist genau so ein auffallender Bengel wie damals, obschon du ein Gelehrter geworden bist. Also weshalb hast du das Fenster geöffnet?"
"Deine Kräuter und deinen Tee hab ich gelten lassen, sie sind gut angebracht, können nicht heilen aber lindern. Aus demselben Grund hab ich das Fenster aufgeschlossen."
"Das war verlorene Müh! Du warst noch nicht an der Haustür, und es war wieder verklebt. Falls du hier Gutes erwirken willst, mußt du den Großmüttern beibringen, die Fenster selbst aufzumachen. Und wenn du das erreichst, wollen wir beide Halleluja singen!"
Das war am Dienstag Nachmittag gewesen. Am Mittwoch war der Knabe tot. Am Freitag erhielt Johannes die Zustellung, vor dem Magistrat zu erscheinen.
Meister Schliep band der wie ein Halm im Winde Zitternden die Hände über der Brust zusammen, doch befahl der Vorsitzende: "Binde sie auf den Rücken!"
Also tat er. Knüpfte die Hände an das über einer Rolle in der Decke angezogene Seil, so dass der Körper des Mädchens frei an den Handgelenken in der Luft hing.
Ob sie nun die Wahrheit bekennen wolle? Gritli nickte, sprechen konnte sie nicht.
"Schweigezauber!" murmelten die Richter, und gaben dem Henker einen Wink. Dieser schlug an das Seil, bis ein Krampfstoß durch Glieder und Organe zuckte – und als es in den feinen Gelenken zu knacken begann, konnte Gritli sprechen und – und das Körbchen? – "Ja, es war ein Topf gewesen!"
"Gelb?"
"Ja, gelb, mit schlechter Materie, die Saaten zu verderben – und im Ziegenstall hielt sie es verborgen – Ja, der Teufel in Person hatte es ihr gegeben. Gewiss, sie hatte sich ihm verschrieben."
"Mit Blut oder Tinte?"
Dicke Tränen quollen aus Gritlis braunen Augen. Sie versuchte einen Widerruf, hielt aber sofort inne, als Schliep an den Stricken zog.
"Mit – mit beiden – oh ja, auch das – er war ihr Buhle gewesen – seit zwei Jahren schon – und das Fleisch an ihrem Hochzeitsmahl, ja, es war süßlich – und zu zweien waren sie auf einem Bock durch die Luft geritten zum Viehschädigen und Wettermachen – oh! laßt mich doch herunter!"
[...]
"Beistand? – Nein, Beistand habe sie keinen gehabt!"
"Aber ihre Mutter habe ihr doch geholfen?"
"Nein!"
"Doch um ihr verwerflich Tun gewußt?"
"Nein!"
"Sie lüge ja, denn wenn im Ziegenstall etwas versteckt war, musste die Mutter es doch sehn!"
"Nein!"
"Zieh an!"
Und mit Kennerhand zog Meister Hans das Seil wieder hoch, und sie ließen das wimmernde Kind eine Weile hängen und sahen derweil das vom Schreiber verfertigte Protokoll durch.
"Ihre Mutter habe also geholfen?"
"Nein!" – es war nur mehr ein Röcheln.
Schliep hielt gemäß Anweisung die brennende Kerze wohl eine halbe Minute unter die nackte Ferse, meldete dann: "Ihr hohen Herren, die Gefangene gibt den Geist auf!"
"Nimm sie herunter!"
Und da Gritli tatsächlich in Ohnmacht lag, trug der Henker sie in den zur Stadtseite gelegenen Zwischenraum und setzte sie ans Feuer. Auch gab man ihr einen Becher Wein, den sie erbrach.
Nun untersuchte Schliep die geschwollenen Gelenke, die jedoch nicht ausgerenkt, nur "verrissen" waren, und nachdem das Mädchen anstatt des üblichen Kreuzes seinen vollen Namen unter das Bekenntnis gesetzt hatte, legte es schmerzvoll stöhnend den rechten Arm auf den Tisch, barg nach Kinderart den Kopf darauf und weinte bitterlich.
So ward in der peinlichen Malefizsache der Threin Margaretha die Beschuldigte auch ohne Hexenmal der Zauberei, des Hexenwesens und der mit Satan betriebenen Unzucht überführt.
Elisabeth, auf dem Fensterstuhl gekauert, warf mit ungewohnter Schärfe ein: "Das liegt nur an den Klöstern! Die halten ja das Schulwesen in Händen, beschränken den Lehrern die Fächer und trumpfen mit der Bildung auf, die sie verzapfen!"
Der Vater sah sein Töchterchen an und die Mutter, ordnend über die dreiteilige Truhe mit den gerahmten Paneelen gebeugt, schnellte empor und schalt: "Ist das wieder eine Rede! Hast du vielleicht bei den ehrwürdigen Schwestern nicht genug gelernt?"
"Ich? doch! – die Mehrzahl nichts!"
"Eben das wissen die gelehrten Priore und Priorinnen am besten, wen sie instruieren sollen."
"Lassen seelenruhig die Leute Kreuze unter Schriftstücke malen, die sie nicht lesen können!"
"Das brauchen die, die so niedriger Kondition sind, auch nicht. Das besorgen Höherstehende für sie!"
"Welch ein Gespräch für Frauenzimmer!", verärgert stieß der Vater den Papierstoß beiseite, "du bist ja ungefähr allwissend, Elisabeth! [...] Du tätest besser, dich um dein Spinnrad zu kümmern."
"Spinne, Rädchen, spinne", leierte Elisabeth spöttisch, "Spinnen, Rocken und Spulen, davon hab ich längst genug!"
"Weißt", brach die Mutter schimpfend los, "Antworten hast du neuerdings, dass ein paar Tatzen nicht schaden werden!" Sie kam bedrohlich näher.
"Ja", Elisabeth brach in Tränen aus, "wie soll ich das ertragen, den schweren Kummer, die argen Schmerzen!"
"Welche Schmerzen?"
Das Mädchen tippte an die Schläfe, die Glieder: "Hier – hier und ach! überall!"
"Warum verschweigst du das? Du mußt ins Bett!"
"Das will ich ja gerade nicht! Stillliegen – dann muss ich immerzu denken."
"Denken! Denk an dein neues Sommerkleid."
"Bah! Das ist doch nicht denken. Nachdenken muss ich über all die Rätsel, die der Humanismus uns aufgibt."
"Der was? Das ist ja Selbstquälerei und unnütz obendrein. Was du wissen musst, wurde dir beigebracht. Das Nachdenken übernehmen Eltern und Seelsorger für dich!"
"So! Daraus fließt ja unser Unheil! Dass jeder mit fremdem Kalbe pflügt und der Eine dem Andern das Denken vorschreibt. Deshalb", die Tränen überströmten ihr Gesicht, "deshalb vertreibt man die Besten außer Landes!"
"Du fieberst ja bereits", stellte die Mutter erschrocken fest.
Van Roetern nahm der Tochter heiße Hand: "Jetzt bist du vernünftig und legst dich nieder. Sagte ich nicht: vor allem gesund bleiben."
Indem die Mutter Elisabeth beim Zubettgehen behilflich war, überlegte sie, woher dem Kinde die abtrünnigen Ideen kommen mochten. – Von den Brieflein, die einst allabendlich durch Kates Vermittlung in die blauen Bettbezüge geglitten, konnte die brave Frau nichts ahnen.
Indes liefen van Roeterns Gedanken ganz andere Bahnen: Wenn das ein Junge wäre – Statthalter zum mindesten!
up