logo
Search:

Prairieblummen Lecture


 
This is the script for the lecture which I delivered on 28 November 2008 at the Centre national de littérature in Mersch, Luxembourg. For more information about the reedition, click here.
 

 

Aleedung

 
Am Hierscht 1883, also virun elo 126 Joer, huet den Nicolas Gonner e Buch mat Gedichter op lëtzebuergesch erausginn. Dat ass u sech näischt aussergewéinleches, wëll um Enn vum 19. Jorhonnert ginn et scho gutt eng hallef Dose Gedichtbänn um Lëtzebuerger Marché.
 
Mä dem Gonner seng Prairieblummen sinn awer eppes besonnesches. Den Titel versprécht schonn Exotik. Prairieblummen – do denkt een net un d'Minett oder un d'Stad, mä un Amerika! Un d'Pionéier an enger grousser, wäider Steppelandschaft, u Büffelen an un Indianer.
 
Wann een d'Buch opschléit, da gesäit een ënnen op der Titelsäit, wou et erauskomm ass: zu Dubuque am amerikanesche Bundesstaat Iowa. E Buch op lëtzebuergesch, dat an de Vereenegte Staate vun Amerika gedréckt ginn ass!
 
Dat éischt Gedicht huet de Gonner u seng Landsleit doheem zu Lëtzebuerg adresséiert. Et heescht Ons straischen an hei ass en Extrait doraus.
 
Ons streis-chen
 
Mîr hun èch eng streiszchen, dîr lansleit gepléckt,
Eng streiszche fu blummen, dë schënst, dë mer font;
Zwâr as et kê grapp foll, mâ d'streiszchen as bont,
A weit îwer d'wâszer hu mîr se geschéckt.
 
Wó zwéschen dem fèlzegebîrch an der së
Fill dausente jôren de büffel gehaust,
D'indianer gejêt, an d'gewesser gebraust,
Sén d'blumme geschoss a gewuos bis an d'blë.
 
Mîr schenken èch d'blummen fun hèrzen a gèr,
Gesidder, mer hun èch nach lâng nét fergèst;
Hu nét matt dem môsz, dât dîr huot, gemèst.
Mengt jô nét, datt hei nach eng wélteness wèr.
 
Wéi ee gesäit, ass dem Gonner seng Schreifweis e bëssche speziell. Hie schreift ausser den Nimm konsequent alles kleng, sou wéi seng grouss Virbiller, d'Bridder Grimm, dat am 19. Jorhonnert fir déi däitsch Sprooch aféiere wollten. An och soss ënnerscheed sech seng Orthographie zimmlech vun der moderner Lëtzebuerger Schreifweis. Déi war am 19. Jorhonnert nach net kodifizéiert, an duerfir huet all Schrëftsteller fir d'éischt mol missen decidéieren, wéi en d'Aussprooch wollt schrëftlech erëmginn. De Gonner erklärt vir a sengem Buch seng Schreifweis, an en hält sech och konsequent drunn. Wann ee sech also bis dru gewinnt huet, ass et net besonnesch schwéier ze liesen.
 
D'Straischen, vun deem de Gonner schwätzt, ass natierlech säi Buch, d'Prairieblummen, dat e stolz an déi al Heemecht schéckt. Am Gedicht nennt en zwee Grënn, firwat en dat Buch erausginn huet:
 
Fir datt d'Frënn gesinn, datt "déi doheem" net vergiess sinn. Fir d'Auswanderer spillt d'Heemecht meeschtens eng vill méi grouss Roll, wéi fir déi, déi doheem bliff sinn. D'lëtzebuergesch Traditiounen, d'Lëtzebuerger Sprooch, Fester a Geschichte ginn an Amerika an Éire gehal. Grad déi lëtzebuergesch Sprooch ënnerscheed déi kleng lëtzebuergesch Gemeng an Amerika net nemme vun den Amerikaner, mä och vun allen aneren Awanderer, an dorop ware se stolz.
 
Mä och dee läschte Satz vum Gedicht ass interessant: De Gonner seet "Mengt jo net, dass hei nach eng Wëldnes wir." D'Gedichter sollen also de Beweis liwweren, datt d'Auswanderer an Amerika net an enger Wëldnes liewen, mä datt se sech, souwuel finanziell wéi och kulturell, eppes opgebaut hunn. Eng eege kulturell Identitéit, eng Mëschung tëschent alen an neien Iddien, zwësche Lëtzebuerger Traditiounen an amerikaneschem Fortschrëtt. An de Gonner, als selbsternannte Wuertféirer vun de Lëtzebuerger an Amerika, huet dat Ganzt an e literarescht Wierk verpaakt: d'Prairieblummen, Lëtzebuerger Gedichter made in America!
 
Dës eegestänneg lëtzebuergesch-amerikanesch Identitéit gesäit een och un den Themen, déi am Buch behandelt ginn. Den Owend wollt ech Iech siwen dovu virstellen, an all Kéier e klengen Extrait aus engem Gedicht virliesen. D'Theme sinn:
 
Erënnerungen un doheem
Lëtzebuerger Seeërcher
Relioun
Pionéierliewen an Amerika
Gesellschaftlech Werter
Indianergeschichten
Heemwéi no Lëtzebuerg
 
De Gonner huet säi Buch net ganz aleng geschriff. Néng Gedichter si vum Jean-Baptiste Nau, engem Téitenger, deen zu Detroit gewunnt huet. En Drëttel si vum Beckesch Klos, dat ass e Farmer aus Wisconsin, dee vun der Musel koum. An d'Halschent vun den 62 Gedichter si vum Éditeur selwer, dem Nicolas Gonner, an dofir fänke mer och mat deem un.
 

 

1. Erënnerungen un doheem

 
Den Nicolas Gonner war e gebiertege Pafendaller. Éit e mat 30 Joer ausgewandert ass, huet e siwe Joer laang bei de Ponts et Chaussées geschafft. Hie war Piqueur cantonal zu Réimech. E Piqueur cantonal war e Beamten, dee fir d'Gemengeweeër zoustänneg war. Dee wuel bekannteste Lëtzebuerger Piqueur cantonal war de Michel Rodange, deen zur selwechter Zäit zu Iechternach an op der Cap geschafft huet, mä déi zwee hu sech wahrscheinlech net kannt.
 
Eng vun den Aarbechten, mat deene sech de Gonner zu Réimech beschäftegt huet, war e Plang fir eng Bréck iwwert d'Musel. Am Optrag vun der Gemeng Réimech huet en eng Broschür erausginn, an där hie sech mat dëser Fro befaasst huet. D'Muselbréck zu Réimech ass effektiv kuerz drop gebaut ginn, mä du war de Gonner schonn un Sprong fir auszewanderen.
 
Duerch seng Aarbecht haat de Gonner natierlech och vill Kontakt mat den Awunner vu Réimech. Hie schéngt gär do geschafft ze hunn, wëll en huet zwee flott Gedichter iwwert d'Musel geschriff. Eent dovun heescht Onser Hêrrgott an dë drei miseler. Dat ass e lëschtegt Gedicht, souzesoen eng Liebeserklärung vum Gonner un d'Leit vun der Musel an hire gudde Wäin.
 
 
D'Gedicht fänkt domat un, datt dräi Miseler Wënzer gestuerf sinn. Elo hoffen déi dräi natierlech, datt se an den Himmel kommen. Deen éischte Wënzer kënnt vun Emmel, dat ass en Duerf tëscht Tréier a Bernkastel. Et ass also en Däitschen. A wéi et him un der Himmelspaart ergeet, zielt eis de Gonner a sengem Gedicht:
 
Onser Hêrrgott an dë drei miseler
 
Den Hêrrgott rompelt d'mechtech stîr
A rifft den Emmeler dann erfîr.
"An du bas fun der Ennermusel,
Dô huol'n se deiwelsdreck a fusel,
Sî kë'ren d'bâch an d'fâsz erân,
An dât soll muselwein da mâ'n!
 
Well dîr, ëm Tunn, më klûch gewèscht
As wë Gott fatter, son a gêscht,
Well dîr aus fusel wei wollt mâ'n,
Soll èch êr strôf och haut erzân.
Fort, marsch matt èch an d'hellepein,
Dô lescht den dûscht matt êrem wein."
 
Deen aarmen. Hie muss also an d'Hell. Deen zweete Wënzer kënnt aus Loutréngen. Deem geet et alt e bëssche besser, hie kënnt net direkt an d'Hell, mä fir d'éischt mol an d'Feefeier. An da kënnt de Wuermeldénger, also e Lëtzebuerger, un d'Rei. Wéi mer am Gedicht liesen, war hien zu Liefzäiten och nët ëmmer en Hëllegen, mä et war awer e gudde Wënzer.
 
"Mei wéngert wôr am gudde stant,
Mei wein allzeit as reng bekannt,
Fum schmèren wollt éch kês neischt wéssen,
Dôdran hun éch e rengt gewéssen,
De mésswein, dên ons hêrre kâft,
Hun se bei mîr séch ugeschâft.
 
Mâ soss wôr éch der beschter kên,
Hât lëwer zwë pett as wë ên,
Wôr kês beim kârtespîl zefridden,
Hu matt dem nôper oft gestridden,
Mâ nu se mîr méng sénne lêt
Fun haut u bis an d'ëwechkêt."
 
Dû stóng de rîchter op fum trón
A rêcht dem Wórmelcher d'himmelskrón.
"Wells du dei wein 'só reng gehâlen,
Hun éch un dîr mei wuolgefâlen,
An all déng sénne si ferzi'n
Op ëwech sollst am himmel sin."
 
De Gonner beweist an dësem Gedicht, wéi och a villen aneren, e Sënn fir Humor. Mä et kléngt och eng gewëss Nostalgie un déi al Heemecht dran un. Et beweist, wéi hien a sengem éischte Gedicht gesot huet, datt d'Frënn doheem net vergiess sinn.
 

 

2. Lëtzebuerger Seeërcher

 
Zu Réimech huet de Gonner en anere Schrëftsteller kennegeléiert, an zwar den Edmond de La Fontaine, besser bekannt ënnert sengem Schrëftstellernumm Dicks. Deen haat nämlech zu deer Zäit eng Wiewerei zu Réimech. Den Dicks ass wuel am beschte bekannt fir seng Operetten. En huet sech awer och, selwecht wéi de Gonner, fir Lëtzebuerger Geschicht an Traditiounen interesséiert. Déi zwee sinn och nodeems de Gonner an Amerika war nach a Bréifkontakt matenee bliff. 1883 huet den Dicks e Buch erausbruecht mat dem Titel Luxemburger Sitten und Bräuche. An deem Buch erniimt en de Gonner. Hie schreift:
 
"Mittheilungen zu den vorliegenden Zeilen sind mir freundlichst gemacht worden, namentlich von Herrn N. Gonner [...] Ihm verdanke ich besonders die interessanten Nachrichten über die Fastnachtsfeier in Grevenmacher."
 
De Gonner revanchéiert sech dofir, datt säin Numm am Buch optaucht, andeems en eng besonnesch gutt Rezensioun iwwert d'Luxemburger Sitten und Bräuche fir eng Zeitung schreift.
 
En anere gudde Frënd vum Gonner, deen e scho säit senger Schoulzäit kannt huet, war den Nicolas Gredt. De Gredt war Direkter vum Athenäum. Bekannt ass e virun allem fir de Band Sagenschatz des Luxemburger Landes, an deem en al Lëtzebuerger Seeërcher zesummegedro huet. Wéi de Gonner nach zu Lëtzebuerg gewunnt huet, huet en dem Gredt fläisseg gehollef, Geschichten ze sammelen. De Gredt seet him dofir am Virwuert vu sengem Sagenschatz merci:
 
"Herr Gonner hatte damals vierzig Sagen beigebracht, die in diese Sammlung aufgenommen worden sind."
 
Wat fir véierzeg Geschichten dat am Detail sinn, seet de Gredt eis net. Et kann een unhuelen, datt och Seeërcher iwwert d'Wiichtelcher dobäi waren. De Gonner huet nämlech spéiderhin véier Wichtelchers-Geschichten aus dem Sagenschatz zu Gedichter verschafft. Wiichtelcher, sou seet een, si kleng Männercher, déi vru laanger Zäit an de Bëscher a Fielsen zu Lëtzebuerg gelieft hunn. Si hëllefen deenen Aarmen an Ënnerdréckten, a bestrofen déi béis Räich. Hei ass en Extrait aus dem Gedicht D'wîchtelcher zó Schéndels:
 
D'wîchtelcher zó Schéndels
 
Den hêrr fum schlasz zó Schéndels gêt
Op d'juocht zum zeitferdreiwen,
Fu sénger frâ as hè beglêt,
Dë nét dohêm wollt bleiwen.
An Eberhârt, sein ênzecht kant,
Dê musz dann och mattgôen;
Bâl hât séng mamm e bei der hant,
Bâl huot s'ene gedrôen.
 
D'Geschicht spillt vrun enger romantesch-mëttelalterlecher Kuliss. E Schlasshär geet mat Fra an Kand op d'Juegd a senge Bëscher. Déi perfekt Viraussetzung also, fir engem Wiichtel ze begéinen. A grad dat geschitt dann och. Dee Klengen huet keng Loscht, bei senger Mamm ze bleiwen. Am Bësch ginn et sou vill interessant Saachen ze entdecken. Hien rennt fort, an natierlech fënnt en herno de Wee net méi zréck bei seng Elteren. E kritt Angscht a fänkt un ze kräischen. A mir liese weider:
 
"Wât as mei jong, wât as geschitt?"
Frôt dû e klenge mennchen,
"Bas du ferluor? bas du fleicht mitt?
Géf mir, mei jong, déng hennchen."
Den Eberhârt, dên hélt dë hant,
De mennche mécht em fëschten;
Dem wîchtel as de wê bekannt,
E sicht de jong ze trëschten.
 
D'Geschicht geet gutt aus. D'Schlassfra ass iwwerglécklech, datt hirem Jéngelchen näischt geschitt ass an duerfir mécht se e Schwuer:
 
Op d'knëe wêrft séch d'schlaszfrâ duor,
Fer hîrem Gott ze danken;
Op hîre knëen det s'e schwuor
Am fîrsâz nét ze wanken,
Dasz sî, wann sî zó lèwe blëf,
Hëch op de fèlzestîren
Eng schë kapellche baue gëf,
Wann ên séch sollt ferîren.
 
An d'schlaszfrâ huot d'kapell gebaut,
Wë sî d'gelübt gedôen;
An op der fèlz, kénn dîr nach haut
D'kapell gesinn dô stôen.
 
D'Seechen erklärt also, firwat et zu Schëndels eng Kapell gëtt. Genau dat ass de Sënn vun deene meeschte Seeërcher: si ginn eng Erklärung fir en alt Gebai oder e Brauch.
 
Wéi scho gesot waren d'Bridder Grimm e Virbild fir de Gonner. D'Bridder Grimm hu Vollékssoen aus verschiddene Regioune vun Däitschland gesammelt. De Gonner, an anerer wéi de Gredt an den Edmond de La Fontaine, hunn dat selwecht zu Lëtzebuerg gemaach, well hirer Meenung no hunn d'lokal Geschichten zur Identitéit vun enger Regioun gehéiert.
 
Am 19. Jorhonnert hunn déi meescht Leit zu Lëtzebuerg nach a klengen Dierfer gewunnt. Mä vill Mënschen si fortgezunn, fir an der Minett oder an engem anere Land ze schaffen. D'Gefor war grouss, datt d'Geschichten, déi villäicht nëmmen an engem Duerf erzielt gi sinn, géinge verluer goen, a mat hinnen och d'Moral, déi an all Geschicht dran ass. D'Moral an dësem Gedicht ass zum Beispill:
 
datt een deenen hëllefe soll, déi sech net selwer hëllefe kënnen
datt ee sengen Eltere follege soll
datt ee gottesfierchteg liewe soll.
 
Dat waren Iddien, déi dem Gonner wichteg waren. En huet geduecht: wann ech d'Geschichte sammelen an flott Gedichter draus maachen, da liesen d'Leit déi. Esou gi se net verluer an d'Wäerter aus deene Geschichte gi mat iwwerliwwert.
 

 

3. Relioun

 
Ee Wäert, deen dem Gonner besonnesch um Häerz louch, war d'Relioun. Hien huet an Amerika während zwanzeg Joer mat vill Leidenschaft an Asaz eng Zeitung geleet, an zwar d'Luxemburger Gazette zu Dubuque, Iowa. Den Ënnertitel vun däer Zeitung war "Für Recht und Wahrheit. Im Dienste der heiligen Kirche". Virbild war, wéi ee sech denke kann, d'Lëtzebuerger Wort, mat dem Ënnertitel "für Wahrheit und Recht".
 
 
Also eng däitschsproocheg, kathoulesch Zeitung an Amerika. Déi meescht Amerikaner waren dogéint Protestanten, an – wéi de Gonner méi wéi eng Kéier a senger Zeitung schreift – e braavt Lëtzebuerger Meedche soll kee Protestant bestueden, wann et weess, wat gudd fir hatt ass.
 
D'kathoulesch Relioun war also nieft der Lëtzebuerger Sprooch wichteg fir déi kulturell Identitéit vun de Lëtzebuerg-Amerikaner. A wat ass an deem Kontext méi typesch lëtzebuergesch wéi d'Muttesgottes an d'Oktav. Doriwwer fanne mer och e Gedicht an de Prairieblummen, mat dem Titel Maria consolatrix afflictorum, also "Trösterin der Betrübten".
 
Maria consolatrix afflictorum
 
Am Mê, wann d'wîseblumme blën,
Dann as zó Létzebûrch d'Octâf,
Duor as ét wôr s' als pélger zën,
Dë létzebûrger, dë nach brâf,
Zum dank, mâ oft fîr héllef ze krëen,
Bèt muoncher ên op blóse knëen
Zur consolatrix afflictorum.
 
A guor am weide, frème lant,
Dât un dem mèr gënt owent leit,
A Mérika, wó, wë bekannt,
Matt freihêt nach d'rél'gon gedeit,
Dô wéssen se, loszt èch ét sôen,
Och nach ze bèden, an ze klôen
Zur consolatrix afflictorum.
 
Nô Carey an Ohio gin
Am schêne Mê an der Octâf,
Matt précessionen d'pélger hin
A weisen hîre feste glâf.
Nét hêtt, nét jut kann sî genëren,
Maria, dë hîr mamm, ze ëren
Als consolatrix afflictorum.
 
Carey ass e klengt Duerf an Ohio. Deen éischte Paschtouer vun der Kierch vu Carey war de Lëtzebuerger Joseph Gloden. Deemols war d'Kierch nëmmen eng kleng Holzkapell (Bild lenks), déi der Muttesgottes geweiht war. D'Kapell huet geheescht: Our Lady of Consolation.
 
De Pater Gloden haat grouss Ambitiounen fir seng Por. Hie wollt onbedingt eng Muttesgottesstatu fir seng kleng Kierch kréien. An zwar net egal wat fir eng, mä eng Kopie vun der Muttergottesstatu aus der Kathedral an der Stad (Bild uewen).
 
De 24. Mee 1875 war déi éischt Oktav, bei däer d'Statue an d'Kierch gedro ginn ass. Do gëtt et dann déi Legend, datt du praktescherweis direkt e Wonner geschitt ass:
 
Den Dag vun der Prozessioun huet et nëmmen esou gestiermt a gereent. D'Pilger hunn de Reen iwwerall ronderëm sech eroffale gesinn. Mä während der ganzer Prozessioun vun zéng Kilometer ass keng eng Drëps op d'Pilger oder op d'Statu gefall! – E Wonner!
 

 

Wou a wivill Lëtzebuerger hunn deemols an Amerika gewunnt?

 
Esou Veranstaltungen wéi d'Oktavprozessioun zu Carey ware besonnesch wichteg fir d'Solidaritéit tëschen de Lëtzebuerger an Amerika ze stäerken. Mä wat waren dat iwwerhaapt fir Leit, déi Lëtzebuerg hannert sech gelooss hunn, fir an Amerika nei unzefänken? Wou si se hirkomm a wou prezis hu se herno gelieft?
 
Informatiounen doriwwer fënnt een an deem Buch Die Luxemburger in der Neuen Welt, dat vrun e puer Joer nei erauskomm ass. Dëst Buch ass geschriff gi vu kengem aneren, wéi dem Nicolas Gonner selwer. Hien huet iwwer Jore genau opgeschriff, wat fir Famillen an Amerika ukomm sinn, vu wou se komm sinn, a wou se sech niddergelooss hunn.
 
Als Grënn fir d'Auswanderung am 19. Jorhonnert nennt de Gonner an éischter Linn schlecht Recolten. Deemlos konnt een net wéi haut an engem schlechte Joer op Importer aus anere Géigenden zréckgräifen. Déi meescht Lëtzebuerger ware kleng Baueren. Wann d'Kromperen oder de Weess näischt gi sinn, haten déi meescht Leit net Geld genuch, fir Liewensmëttel ze kafen a vill Famillen hunn Honger gelidd. E puer besonnesch schlecht Joren waren 1842, wéi d'Kromperen um Feld gefault sinn, an 1845, wéi de Wees näischt ginn ass.
 
D'Wënzer op der Musel haaten och nach aner Problemer. Lëtzebuerg war Member am Däitschen Zollveräin, an doduerch kruten déi Lëtzebuerger Wënzer Konkurrenz vun den Däitschen. De Gonner zitéiert a sengem Buch den Edmond de La Fontaine, deen d'Situatioun esou beschreift:
 
"Er [also de Wënzer] lebt von Entbehrungen, und wenn das Elend ihn zu viel plagt, so geht er zum Bauer und borgt sich Brot. Er geht zum Notar, borgt sich Geld und verpfändet Hab und Gut. [...] Der bedrängte Winzer [...] fängt von neuem sein Leben von Hoffnungen und Leiden an."
 
Sécher sinn et och gutt Jore ginn, mä virun allem Enn der 1840er Joren si vill Leit vun der Musel ausgewandert.
 
An Amerika konnt ee fir relativ wéineg Geld e grousst Stéck Land kafen. Wann een als Bauer fläisseg war, konnt eng Famill mat Liichtegkeet gutt dovu liewen, an den Iwwerschoss konnt een souguer nach verkafen. Wie gespuert huet, haat no e puer Jore Geld op der Säit – a vill Bauere si fir deemoleg Lëtzebuergesch Verhältnësser richteg räich ginn.
 
Wou hu sech d'Lëtzebuerger dann elo an Amerika niddergelooss? De Gonner nennt fir all US-Bundesstaat Zuelen. Deemno waren déi meescht Lëtzebuerger ronderëm déi Grouss Séien ze fannen. Also an där Géigend, déi een an Amerika de Midwest, de Mëttlere Westen, nennt. Déi meescht Lëtzebuerger gouf et an de véier Staaten Iowa, Minnesota, Illinois a Wisconsin, awer och an Indiana, Ohio a Michigan. D'Klima un de Grousse Séien war mat Lëtzebuerg vergläichbar, an d'Land war an der Mëtt vum 19. Jorhonnert nach relativ bëlleg. Also ideal Viraussetzungen fir e klenge Lëtzebuerger Bauer, fir sech eng Farm opzebauen.
 
Op dëser Kaart gesäit een d'Haaptwunngebitt vun de Lëtzebuerger. Déi schwaarz Punkten weisen, wou d'Dichter vun de Prairieblumme gewunnt hunn:
 
Zu Dubuque an Iowa, direkt op der Grenz zu Wisconsin, huet den Nicolas Gonner gewunnt an do ass och seng Zeitung, d'Luxemburger Gazette, erauskomm.
D'Oktav am Mee huet all Joer stattfonnt an der klenger Gemeng Carey, an Ohio, wou och vill Lëtzebuerger gewunnt hunn.
Zu Detroit, Michigan, huet de Jean-Baptiste Nau gewunnt, vun deem och e puer Gedichter an de Prairieblumme sinn.
An deen drëtten am Bonn, den Nicolas Edouard Becker, genannt Beckesch Klos, huet zu Random Lake, Wisconsin, gewunnt.
 

 

4. Pionéierliewen

 
Random Lake ass eng Géigend am Landkreess Ozaukee wou besonnesch vill Lëtzebuerger gewunnt hunn. De Gonner geet an sengem Buch Die Luxemburger in der Neuen Welt och op d'Entwécklung vun dëser Géigend an. Hie schreift:
 
"Wir rechnen, dass im County über 400 luxemburger Familien sind. Diese Ansiedlungen haben dann auch einen speziell luxemburgischen Charakter. So könnte man füglich Ozaukee County, Wisconsin, "Neu-Luxemburg" nennen. [...] Hier tritt dann die auffallende Erscheinung zu Tage, dass einzelne Angehörige anderer deutscher Stämme den eigenen Dialect, wenn auch nicht aufgeben, doch sich statt dessen des luxemburger Dialectes bedienen."
 
D'Lëtzebuerger Sprooch schéngt also stelleweis an Amerika e schéine Succès gehat ze hunn.
 
De Gonner fiert weider: "Um 1839 kamen die ersten Deutschen in das County. 1845 langten auch die ersten Luxemburger an." Eng Lëtzebuerger Famill, déi sech an Ozaukee County nidderléisst, ass d'Famill Becker vu Wuermeldeng. Den Nicolas an d'Anna Becker, déi der hei op der Foto gesitt, ware Wënzer. No engem besonnesch schlechte Joer hu se decidéiert, hiert Gléck an Amerika ze probéieren. Si hunn e Stéck Land zu Random Lake kaaft, op deem se eng Farm opgebaut hunn. Dat war 1854, an hire Jong, den Nicolas Edouard Becker, war du grad zwielef Jor al. Hien huet op der Farm matgehollef a se nom Doud vu sengen Elteren virugefouert.
 
Hei ass e Bild, wéi d'Farm spéiderhin ausgesinn huet. Den Nicolas Edouard Becker, also den Dichter vun de Prairieblummen, ass deen an der Mëtt mam Bart a mam schwaarze Paltong.
 
Mä wéi d'Famill Becker a Wisconsin ukomm ass, huet et do nach ganz anescht ausgesinn. E Bauer, dee sech e Feld wéi zu Lëtzebuerg erwaard haat, krut am Amerika fir d'éischt emol e Schlag: Gebësch a Gestrëpp hu missen ewech gemaach ginn, éit een iwwerhaapt dorunner denke konnt, eppes ze séinen. De Gonner beschreift dat an Die Luxemburger in der Neuen Welt esou:
 
"Unterdessen mussten die neuen Einwanderer zusehen, wie sie sich in dem endlosen Buschland durchschlugen. Kleine Blockhäuser waren rasch hergestellt, und Wild gab es in Fülle. Aber gefährlich war es immer, sich im Busch zu verlieren. Auch die Indianer rumorten noch herum und konnten ganz ungemütlich werden. Es war eine harte Arbeit, die finstern Urwälder in fruchtbare Felder zu verwandeln."
 
Dat selwecht beschreift, an enger méi literarescher Form, de Beckesch Klos a sengem Gedicht Zur erénneronk, dat de Schrëftsteller och selwer vertount huet. Klickt op de Link, da kënnt der héieren, wéi dem Beckesch Klos säi Jong, den Jacob Becker, et séngt. Hei gesitt der eng Foto vum Beckesch Klos (deen an der Mëtt ënnen) mat fënnef vun senge siwe Kanner. Dee ganz lenks uewen ass den Jacob Becker. D'Lidd ass opgeholl gi bei der 100-Jor-Feier vum Staat Wisconsin 1948.
 
Zur erénneronk
 
Den âlen usidler an town 12 & 13 zum neie jôer.
 
Erbei nun dîr jongen, 't as owent a wanter,
Dê klôr nét geseit më, dê komm matt der lanter,
Mer wéllen emôl plauderen fun âlécher zeit,
Dë drészech lâng jôer nun hanner ons leit.
 
Mer wéllen 't ferzèlen, wât mîr hun errongen,
Wât mîr ons geschâfen, wât mir ons erzwongen,
Mer hâten nét fill, wë mer quómen an d'lant,
Dach kreften, dë hâte mer, fleisz a ferstant.
 
Mer hâte keng heiser, keng stell a keng scheier,
Derbei nach wôr d'fë an den észekascht deier,
Mer hâte keng bettstèt, keng still a kên désch,
An d'lant, dât mer kâft hu, wôr alles nach bésch.
 
Mer góngen un d'ârbecht ganz muddech a kreftech,
Beim hâen a brennen wôr alles bescheftech',
T' góf heiser gebaut an och fence gemât,
Gezéchent zum nôper matt blessen e pât.
 
Wât hu mer geplôt ons matt ruoden a brennen,
Den damp an den âen, keng haut un den hennen,
'T góf sêle geklôt, ét hât jidderê loscht,
Erféllt wôr matt hoffnonk em jidde séng broscht.
 
A wë mer en haus, an e stall an eng scheier,
'Môl hâten, a schólen, a kîrchen an âner gebeier,
A grompren a brót, an och flêsch op dem désch,
Wôr d'lêt ons fergëszt, an ons hoffnonk 'rém frésch.
 
Dû krûte mer strôszen – wa schlecht s'óch nach wôren –
Fer d'frîchten an d'millen, an d'mèl hêm ze fuoren,
A blóf 'môl ên hâlen am suppeche mesch,
Dann hât en zum tróscht dach eng schlupp an der flesch.
 
De Beckesch Klos huet als Kand materlieft, wéi schwéier et ass, aus enger Wëldnes eng uerdentlech Farm ze maachen. Hie war mat sengen Elteren souzesoen ee Pionéier vun der éischter Stonn a Wisconsin. Hien ass säi Liewe laang zu Random Lake wunne bliff an huet sech der däitsch-lëtzebuergescher Gemeinschaft an Ozaukee County verbonn gefillt.
 
Net wäit vu senger Farm, am Duerf Dacada, an der Gemeng Fredonia, stoung eng Kierch (Bild). Dat war d'Sankt Nicolas Kierch, an do huet de Becker Sonndes Uergel gespillt. En plus huet e fir d'Kanner aus der Géigend am Gebai nieft der Kierch Schoul gehal. An hie war politesch a senger Gemeng aktiv.
 

 

5. Wäerter an der Gesellschaft

 
Den Nicolas Becker war Gemengesekretär vu Fredonia, e war President vum Gemengerot a spéiderhin Delegéierten vu Fredonia am Conseil vun Ozaukee County. Also schonn e wichtege Mann, dee gär e Wuert matgeschwat huet, wéi seng Landsleit an Amerika liewe sollten. An zwar anstänneg, éierlech an zréckhalend, als gutt Katholiken.
 
Dommerweis hunn d'Awanderer an Amerika awer och en anert Ideal kennegeléiert: An zwar dat léift Geld. Doriwwer klot de Becker a sengem Gedicht Geld! Geld! Geld! An och de Gonner jéimert ëmmer erëm a senger Zeitung, datt d'Meedercher net méi sou brav hiert Schiertech undi wéi doheem, mä gär e schéinen Hutt an en deiert Kleed hätten.
 
All Awanderer hofft, et an Amerika séier zu eppes ze bréngen. Zu Lëtzebuerg war ee villäicht ëmmer en aarmen Däiwel, deen ni e Sou an der Täsch haat, mä an Amerika, do gëtt alles ganz anescht. An Amerika fënnt ee säi Gléck a gëtt räich.
 
Mä ass wierklech esou? Ass räich sinn dat selwecht wéi glécklech sinn? De Becker stellt sech am Gedicht De Liewenslaf déi Fro. E räiche Bauer a seng Fra fueren an hirer Kutsch iwwer Land spazéieren. An do weist de Becker senge Lieser, wéi relativ Gléck ka sinn:
 
De lèwenslâf
 
Se fuoren lânzem, sî betruochten d'welt,
Hei bâl en duorf, bâl dô eng wîs, e felt,
Se kucken d'seit bâl aus, a bâl zeréck.
Hun dë bei allem reichtom och all gléck?
 
Um holzbock dô gesinn s'e stârke mann,
Dên d'âe nét fun hinne schlôe kann,
E kuckt, e seifzt en traurech hannennô:
"Hett ên eng kutsch a gelt 'wë dë dô."
 
Ganz deierlech, matt engem drëwen â,
Bekuckt de barong séng gebotzte frâ.
"Zwâr hun éch gelt, a fill 'wë hé;
Mâ wîr éch stârk, as wë dé matt der sê!"
 
Den aarmen Aarbechter wënscht sech, hien hätt vill Geld. De räiche Bauer awer wënscht sech, e wir rëm jonk a staark. Kuerz drop fiert d'Kutsch laanscht e jonkt Meedchen, dat mat enger Hatt Holz aus dem Bësch kënnt. An hatt mécht sech och sou seng Gedanken:
 
A wë ét damm an hîrem botz geseit,
Wë sî gemechlech an de késse leit,
Dû wénscht ét séch hîrt feint neiseide klêt,
Hîr bante, streisz an hîr gemechlechkêt.
 
An d'damm, dë an der kutsch, wât sêt wuol dë?
Bekuckt dë môt, an d'hèrz, dât dêt er wë,
"O mei! mer tréllt séch mitt hei am gefèr,
Wè jonk a schën, as wë dât mêdche wèr!"
 
Nees wënscht dat aremt Meedche sech méi Suen a Bequemlechkeet, iwwerdeems déi räich Fra hirer Jugend a Schéinheet notrauert. A wat fir eng Léier kann een doraus zéien? De Becker verréit eis et an der leschter Stroph.
 
Sitt dach nét tôpech, 't bleift séch ëwech gleich,
Den neit, en as bei ârem a bei reich;
Dach d'gléck, dât as ferspârt matt engem schlasz,
Wuorzó d'zefriddenhêt de schléssel as.
 
De Becker setzt der Juegd no Geld en anert Ideal géinteniwwer – d'Zefriddenheet. Näid bréngt nëmmen Onzefriddenheet an Ongléck. Glécklech kann nëmmen dee sinn, dee mat sengem Liewen zefridden ass.
 

 

6. Indianergeschichten

 
D'Gedicht De lèwenslâf ass am Fong eng Charakterstudie. An esou si vill vum Beckesch Klos senge Wierker. Hie kuckt sech d'Leit un, a beschreift se. Doduerch entsteet e liewegt Bild vun de Lëtzebuerger Dierfer an Amerika. Mä hien interesséiert sech net nëmmen fir d'Lëtzebuerger dohannen, mä och fir déi Leit, déi vrun den Europäer an Amerika gewunnt hunn: fir d'Indianer.
 
Déi Géigend, an däer de Beckesch Klos gewunnt huet, heescht Ozaukee County. De Gonner erklärt eis an Die Luxemburger in der Neuen Welt, wou den Numm hirkënnt. Hie schreift:
 
"Seinen Namen leitet Ozaukee County von "Sauks" her, die hier zur Zeit ihre Jagdgründe hatten."
 
D'Sauks, een Indianerstamm, hunn also am 19. Jorhonnert an Ozaukee County gelieft. Zu Random Lake, wou dem Beckesch Klos seng Farm stoung, ass et eng Plaz ginn, déi als Indianerhiwwel bekannt war. An iwwert déi Plaz huet de Becker e Gedicht geschriff, De mount zó Random Lake. "Mound" ass dat englescht Wuert fir en Hiwwel.
 
D'Gedicht geet iwwert den Indianerhäuptling Black Bear, deen de Becker op lëtzebuergesch De Schwaarze Bir nennt.
 
De mount zó Random Lake
 
De Schwârze Bèr, am fritt am krich,
Wôr ugesinn bei sénge leiden;
'T huot kên 'we hèn de feil geschosz,
'T kont kên de pony besser reiden.
 
A scalps hât hèn a grószer zuol,
Dë hèn um krichspât séch errongen;
A ronderém séng nôperchîfs,
Dë hat en alleguor bezwongen.
 
Sei wigwamm stóng bei Random Lake,
Séng juochtgrénn gónge bis Mîlwaukee;
Hè wôr den chîf fun alle Sauks,
De brâwe son fun dem Ozaukee.
 
De Schwaarze Bir war also e wichtegen Häuptling. D'Gedicht erzielt weider, wéi hie stierft a säi Vollek e grousst Begriefnes fir hien organiséiert. Si setze seng Läich op e Päerd a bréngen him seng Scalps, seng Friddenspäif a säi Krichsbeil. Dono féiere se e Krichsdanz ronderëm him op. Zu gudder Lescht kéipe se iwwert déi Plaz, wou e begruef ass, en Hiwwel.
 
An deenen zwou leschte Strofe vum Gedicht schreift de Becker:
 
A wë de mount ganz fèrdech wôr,
Spët ôwens – d'sonn wôr schon um senken –
Hun sî eng bich geplanzt an d'seit,
Dem Schwârze Bèr zum ugedenken.
 
As ên, dé weider wésse wéllt,
Dé soll zó Random Lake et frôen;
'Well wó de mount gestânen huot,
Dât kann em dô e jidder sôen.
 
D'Leit zu Random Lake wëssen also zum Becker sengen Deeg nach, wou den Indianerhiwwel louch. Dozou muss ech soen, datt se et haut net méi sou gutt wëssen, well eis amerikanesch Frënn waren am Ufank zimmlech iwwerfuerdert, wéi ech se gefrot hunn. Mä si hunn den Hiwwel awer fonnt, wéi der op der Foto gesitt.
 
D'Gedicht erklärt, firwat et deen Indianerhiwwel gëtt. Hei hu mer also och eng Seechen, awer dës Kéier net iwwert d'Wiichtelcher zu Schëndels, mä iwwert en Indianerchief a Wisconsin!
 
Hautesdags kënnt engem dëst Gedicht net esou besonnesch vir, mä fir déi lëtzebuergesch Lieser vun de Pairieblummen war et schonn aussergewéinlech. Geschichten iwwert Trapper an Indianer waren an Europa zwar net ganz onbekannt. Z.B. sinn dem Cooper seng Lederstrumpf-Romaner 40 Joer vrun de Prairieblummen op däitsch iwwersat ginn. Op se zu Lëtzebuerg esou bekannt waren, ass allerdéngs eng aner Fro. Op alle Fall ass déi grouss Zäit vum Western a vun den Indianergeschichten eréischt zéng Joer no de Prairieblummen ugaang – mam Winnetou vum Karl May. De Becker war also, wa senger Zäit och net viraus, dann awer fir seng Lëtzebuerger Lieser sécher eng Entdeckung.
 
De mount zó Random Lake ass och nach aus engem anere Grond remarkabel: am Gedicht stinn immens vill englesch Wierder, virun allem Lehnwierder aus den Indianersproochen. Do gëtt zum Beispill geschwat vun engem Pony, enger Squaw, dem Tomahawk.
 
All des Wierder sinn dem moderne Lieser, dee mat Western a Winnetou Filmer grouss ginn ass, natierlech geleefeg. Mä all eenzelt vun dëse Wierder ass an de Prairieblummen an enger Umierkung erklärt ginn. Do steet da ganz getreilech:
 
Pony - indianescht Päerd
Squaw - Indianerfra
Tomahawk - lies: tomahok - e Krichsbeil
 
Déi Ausdréck waren also guer net selbstverständlech fir e Lëtzebuerger anno 1883.
 
De Begrëff Heemecht kritt beim Becker e ganz anere Sënn wéi beim Gonner. De Becker ass schonn als Kand an Amerika komm. Fir hien ass Wisconsin d'Heemecht. Him ass et och wichteg, Traditiounen ze erhalen, mä anerer wéi dem Gonner. Wann de Gonner iwwert de Jang de Blannen schreift, da schreift de Becker iwwer d'Pionéierzäit am Mëttlere Westen. Wann de Gonner u seng Frënn vun der Musel denkt, beschreift de Becker seng Frënn aus Wisconsin. An hie sammelt Indianergeschichten aus senger Géigend.
 
De Becker schreift op lëtzebuergesch, awer seng Wurzelen sinn net nëmmen zu Lëtzebuerg, mä och an Amerika. Hien ass vun deenen dräi Prairieblummen Dichter mat Sécherheet deen amerikaneschsten.
 

 

7. Jean-Baptiste Nau

 
Ganz am Géigendeel zu deem leschten Auteur vun de Prairieblummen, dem Jean-Baptiste Nau. Den Nau ass zu Téiteng gebuer. Säi Papp war e Päerdsschmatt. No der Schoul huet en e puer Jor als Viraarbechter zu Rëmeleng an der Minière geschafft. Mat 20 Jor haat en dees genuch an ass an Amerika ausgewandert. 1880 ass en zu Detroit ukomm a kuerz drop ass en dem Nicolas Gonner begéint.
 
De Gonner schreift a senger Luxemburger Gazette, datt en an engem Café zu Detroit zwee Lëtzebuerger kennegeléiert huet:
 
"zwei Jonge vun doheem, die erst ein paar Wochen in Amerika waren und schon wieder das Heimweh hatten."
 
An domat komme mer zu eisem leschten Thema fir dësen Owend: D'Heemwéi no Lëtzebuerg. D'Heemwéi ass beim Nau mat der Zäit net besser ginn. Hien ass nëmmen e puer Jor zu Detroit bliff, an ass du rëm zréck op Lëtzebuerg komm. A senger Zäit an Amerika huet en eng Rei Gedichter geschriff, vun deenen néng Stéck an de Prairieblumme stinn.
 
Dem Nau seng Gedichter sinn typesch Emigranteliteratur. Ee Gedicht ass senge Kameroden am Biergwierk zu Rëmeleng gewiddemt. En denkt also zréck un d'Zäit zu Lëtzebuerg. Da beschreift en, wéi d'Reessloscht e gepakt huet. An engem anere Gedicht geet et ëmt déi geféierlech Schëffsreess iwwert den Atlantik, fir an Amerika ze kommen. E schreift doriwwer, datt an Amerika gäer a vill geschafft gëtt. An da schreift en iwwert d'Heemwéi. Dat Gedicht kucke mer eis lo méi genau un. Et heescht Hêm! erém hêm!
 
Hêm! erém hêm!
 
Am klenge Létzebûrgerlant
Stêt hêmlech zwéschen âle bêm
E klînzecht haus, wó éch als kant
'Só fró a glécklech wôr dohêm.
Wó éch ém papp a mamm gespîlt
A lëwe, schëne kannerdrêm;
Dem kann, dêm bleift d'erénn'ronksbîlt
Jêt zeit ons och fort fun dohêm.
 
Wêr éch am dall, emkrenzt fum bésch,
Ech wîr a méngem paradeis,
Wó aus dem dâ eng blimche frésch
Erblët, dë rót, dë blô, dë weisz.
Ech pléckt se of, éch sangen dët
Mam fîlchen op dem blummereis,
Dem lant, dêm d'hèrz an d'lëft zóschlët,
Dem Létzebûrgerlant zum preis.
 
D'Gedicht beschreift d'Heemwéi, awer och d'Verlangeren no der Kannerzäit, wéi d'Liewen nach einfach an onkomplizéiert war. Wann een den Text déi éischte Kéier liest, da kommen engem d'Konzepter an d'Biller iergendwéi immens bekannt vir. Den Nau huet sech effektiv inspiréiert un de Lidder vun engem anere Lëtzebuerger Dichter, an zwar beim Méchel Lentz.
 
De Lentz war selwer ni an Amerika, mä am 19. Jorhonnert sinn esou vill Lëtzebuerger ausgewandert, datt et e beléift Thema an der Literatur ginn ass. Dat bekannst Lidd iwwert d'Heemwéi vun engem Amerika-Auswanderer ass wahrscheinlech dem Lentz säint An Amerika, dat der hei op enger Postkaart gesitt. Doran erënnert de Protagonist sech, grad wéi den Nau, zréck u säi klengt Heemechtshaus, dat am Grénge läit. De Lentz schreift:
 
Do steet en aremt klinzecht Haus
Eng Bänk virun der Dir
Do breet eng Lann hir Blieder aus
Mécht kille Schied dofir
 
D'Beschreiwung vum Heemechtshaus ass bei deenen zwee bal selwecht: Lann – al Beem, e "klinzecht Haus".
 
Och an anere Wierker vum Lentz fënnt een Ähnlechkeeten. Zum Beispill an deem bekannte Lidd Wéi meng Mamm nach huet gesponnen. Do schreift de Lentz:
 
Wéi meng Mamm nach huet gesponnen
Du wor d'Welt mäi Paradäis
Léschteg hunn ech sange konnen
Wéi de Villchen op dem Räis
 
De "Villchen op dem Räis" an d'Heemecht als "Paradäis" si bei deenen zwee genee gläich. De Méchel Lentz war e grousst Virbild fir d'Prairieblummen Dichter, an dat mierkt een och a ville vun hire Wierker. Bei engem Gedicht vum Becker steet ënnert dem Titel, et kéint een et sangen "op d'Weis vum Kueb". Domat ass natierlech näischt anescht gemengt wéi dem Lentz säin De Kueb an de Fuuss.
 
An domat hu mer e Bou gemaach vun der Musel bis an Iowa, laanscht d'Farmen an d'Indianer vu Wisconsin bis zréck an d'Stad bei de Méchel Lentz. Fir ofzeschléissen wollt ech iech nach eng Strof aus engem Gedicht virliesen, dat sou richteg d'Begeeschterung vun den Auswanderer fir Amerika weist.
 
D'Gedicht ass vum Gonner, an et heescht ganz passend Ons nei Heemecht:
 
Mir sinn hei an em fräie Land
An dach ass näischt aus Rand a Band
Mir schwiere kengem Kinnek Trei
Mir selwer sinn de Kinnek hei
 
Ech hoffen, de Virtrag huet iech gefall an ech soen iech merci, datt der nogelauschtert hutt.
 

 

up