Reality Check
Hätt ech nëmmen net jo gesot, denkt d'Josie. E Bléck op d'Auer: scho bal halwer 11. Hatt rennt iwwert d'Strooss. Brénge mer et hannert eis, déi aner waarde sécher schonn.
Vrum Café schalt et e Gank erof. Säin Häerz hummert wéi mëll an der Broscht, an dat net nëmme vum Lafen. Wiem seng domm Iddi war dat iwwerhaapt mam Karaoke? Wahrscheinlech dem Pascale seng, an dat huet den Owend natierlech keng Zäit. Typesch. Feigling.
D'Josie erbléist sech een Ament. Dobanne geet et héich hir. Zwee Pannsvolliste vergewaltege grad The Final Countdown. Besser wéi déi sangen ech op alle Fall, denkt hatt. Den Joey Tempest kréich gro Hoer, wann en dat do héiere géif. Obwuel, déi huet e mëttlerweil wahrscheinlech souwisou.
The Final Countdown war och am Josie seng enger Auswahl komm. Fir d'éischt wollt et sech vrum Karaoke drécken. Mä nodeems de Patrick gesot huet, déi Lidder op der Lëscht krit souguer en Dafstomme richteg hin, konnt et jo schlecht soen, et géing sech net trauen. Eng gestane Wëssenschaftlerin, déi schonn dräi Virträg vrun Dosende vu Leit gehal huet (véier, wann een d'Mini-Ried am Blannenheem matrechent), wäert dach net ze schei sinn, fir e puer Strofe vru senge Frënn ze sangen.
D'Josie bäisst un der Lëps a lauschtert duerch d'Dir. It's the Final Countdauuun!!! Dat ass et effektiv, denkt et. Allez hëpp, an enger halwer Stonn hues d'et hannert der. Doheem ass et jo och gaang.
Hatt hat laang iwwerluecht, wat fir e Lidd et huele soll. Um Internetsite vum Café stoung eng Lëscht mat Hits, ënnert deenen ee wiele konnt. Vun Udo Jürgens bis Beyoncé war alles dobäi. D'Josie wollt e Lidd, dat als Karaoke-Versioun op YouTube steet, fir dass hatt übe konnt, an dat esou charmant a sexy kléngt, wéi hatt op de Patrick wierke wollt. Eemol muss deen Trëllert dach mierken, wat fir eng immens Schécks hatt ass. Mat deem richtege Song gëtt dat vläicht den Owend nach eppes mat him a mat dem flotte Patrick.
Fir d'éischt wollt et eppes vun ABBA huelen. Take a Chance on Me, zum Beispill. Dat ass liicht, wann ee sech net grad an de Sätz vertuddelt. An den Titel ass praktesch e Wénk mat der Scheierpaart, scho bal e bësschen ze vill offensichtlech. Mä deen Text! Sou eppes almoudesch-sexistesches! Nee, dat kënnt net an d'Tut, éit hatt If you change your mind, I'm the first in line séngt, géing et de Patrick léiwer eegenhänneg mat enger Orang-Utan-Madame verkoppelen. Net dass et eppes géint Orang-Utanen hätt. Dat si bestëmmt léif, intelligent Déieren. Déi géingen hire Schwarm sécher ni mat sou engem Schrott-Text wéi Take a Chance on Me uschmachten.
Dobanne fänkt dat nächst Lidd un. "Can you hear the drums, Fernando?", piipst eng douce Stëmmchen an de Mikro. Net, wa se sou lues si wéi s du, denkt d'Josie a grinst. Dat gëtt haut e schwedeschen Owend hei.
Nodeems ABBA aus dem Renne war, huet et Never Gonna Give You Up considéréiert. Deen Hit kann dach jiddereen am Schlof. Mä scho bei der éischter Strof huet et opginn. Dobäi huet et dat Lidd x-mol um Radio héieren. Deemools, an den Achtzeger. Vläicht hu se ëmmer nëmmen de Refrain bruecht?
D'Josie dréckt d'Dir vum Café op. ABBA a Rick Astley si kale Kaffi géint dee Song, fir deen et sech schliisslech décidéiert huet. Hatt ass dropkomm, wéi et grad aschlofe wollt, an deem Döszoustand, wou een net méi ganz waakreg ass, awer och nach net richteg ageschlof. Do kommen engem dacks déi bescht Iddien. Wéi et sou schuggeleg a seng Decke gerullt luch, huet et op eemol eng Zeen vru sech gesinn: en däischtert Zëmmer mat faarwege Discosluten, déi epileptesch ronderëm eng Grupp Teenager zucken. Matzendran e Jong an e Meedchen, déi fest widderenee gedréckt danzen. D'Meedchen huet e Walkman op a kritt näischt vum Kaméidi ronderëm mat. Seng Welt besteet just aus dem Jong, deen him déif an d'Ae kuckt, an der wonnerbarer Melodie a sengem Kapp. I dream of loving in the night, and loving you seems right, perhaps that's my reality... Souuu romantesch. D'Josie ass wéi e Blëtz aus dem Bett gesprong an huet de Computer ugemaach. Wéi heescht dat Lidd scho méi? Dreams? A wien huet et gesong? Komesch, dass een dat bei ville bekannte Lidder guer net weess. Mä fir sou Fäll gëtt et jo d'Internet. Hatt ass vun engem Fouss op deen anere gehopst, fir d'Zéiwen net ze laang op den äiskale Plättercher ze hunn, huet „Dreams Boum Sophie Marceau“ agetippt an Enter gedréckt. Richard Sanderson? Ni héieren. Egal, e konnt op alle Fall sangen. Google huet hatt informéiert, dass d'Lidd Reality heescht, a genee dat wäert hatt lo den Owend sangen.
D'Josie sicht seng Kollegen. De Café ass struppevoll. D'Meedchen um Mikro piipst nach ëmmer tounlos vru sech hin: "If I had to do the same again, I would my friend, Fernando." Iergendwéi kléngt et net ganz éierlech.
"Josie!" De Marco steet um Stull a fuchtelt mat den Äerm. Ah, do si se jo. Hatt ielebout sech duerch d'Gewulls. De Marco spréngt vum Stull an ëmäerbelt et. "Salut, Klengt. Mir hu scho gefaart, du géings et net mat Zäit packen."
"Klengt" ass gutt – soss war de Marco alt en Zentimeter méi grouss wéi d'Josie, mä säit e seng Fliichte vrun engem Joer radikal ewech raséiert huet, si se praktesch zelwecht héich. Oder niddereg, wéi een et hëllt.
"Hey." Hatt gëtt him dräi Kussen op de Bak a profitéiert vum Begréissungsritual, fir dem Patrick och e Schmatzi opzedrécken.
Dee kuckt gelatzt iwwert säi Béier. "D'Moss do vir quaakt wéi e geschluechten Hunn."
"Ma da kréine mir herno wéi en doudege Fräsch, dat gläicht sech dann aus", kontert de Marco. Hie knufft d'Josie frëndschaftlech an d'Säit. "Déi d'Jackett aus, nom nächste Lidd bass du drun."
Dem Josie rutscht d'Häerz an d'Box. "Schonn?"
"De Patrick war als éischten hei an huet eis all ugemellt. D'Lëscht war séier voll." De Marco laacht. "Du hues meng Darbietung virdru verpasst. War witzeg."
"Dat deet mer leed." Hatt hänkt seng Jackett iwwert de Stull. "A wéini sengs du?", freet et de Patrick.
"Guer net." Hien hëllt eng Schlupp Béier. "Ech hu sou eng domm Sinusite, kréie bal keen Toun eraus."
Firwat net direkt d'Schwéngsgripp, denkt hatt. Mä déi aner awer umellen, déi hu mer gär. Wann ech dann elo och eng "Sinusite" hätt. Egal: Hatt huet déi läscht Deeg bis zum Vergase geübt, do kann einfach näischt méi schifgoen.
Mä wéi sou dacks ass de Mr Murphy do anerer Meenung. E blond Meedche mat engem Wutz klëmmt op d'Bühn. Aus de Lautsprechere klimperen douce Pianostéin. D'Schécks wippt am Takt mat, a séngt: "Met you by surprise, didn't realize..." D'Josie kritt bal e Schlag: Dat ass säi Lidd! A vill besser, wéi hatt dat jeemools kinnt!
De Marco zitt et mam Aarm no vir. "Du muss hinnen nach soen, wat fir e Lidd's de wëlls."
Guer keent! Hatt panikéiert. "Ech, ech weess net", tuddelt et, doudonglécklech.
Hie kuckt hatt besuergt un. "Hues de Bammel? Du muss net sangen, wann s de net wëlls. Hei gëtt kee gezwong. A wann ee mengt, e misst eng domm Bemierkung maache, soll e sech mol fir d'éischt selwer hannert de Mikro stellen."
De Marco ass dach e fäine Kärel. "Du gleefs mer dat lo vläicht net, mä ech wollt grad dat do Lidd sangen", erkläert hatt enttäuscht, a weist mam Kapp op d'Bühn.
De Marco iwwerleet. "A sou séier fällt der keen anert an?" Hatt rëselt de Kapp. "Mä du wëlls awer sangen?" Hatt iwwerleet kuerz a wénkt mat engem pisserege, mä decidéierte Gesiicht jo.
"Waart hei." Hien dréckt sech bei de VeeJay duerch. D'Josie steet wéi op Kuelen. Déi läscht Takter vu Reality spillen, an d'Leit am Café klappe begeeschtert. D'Sängerin gëtt vu Freed knallrout.
"Komm, mir sinn drun." De Marco zitt hatt bei de Mikro.
Mir? D'Josie huet mol keng Zäit ze fäerten. Eng Gittar quiitscht aus dem Lautsprecher. "Another red letter day...", séngt de Marco, a straalt hatt un. O Hëllef, kennen ech dat Lidd iwwerhaapt?, denkt hatt, mä do ass hie scho bal duerch déi ganz éischt Strof.
"It's not easy, love..." séngt en, wéi fir hatt eleng. Endlech erkennt et d'Lidd. "But you got friends you can trust", séngt et erliichtert mat. Dat kléngt jo richteg gutt, zu zwee. Hatt laacht de Marco un. Deen dréckt him en A zou, a si sange weider. "Friends will be friends..."
up