De Geescht
Wéi ech op der Strooss getrëppelt, an dem Mënschestroum gefaang
Ass e Geescht komm, an e Sträppchen ass e roueg nieft mir gaang —
A mäin Häerz war haart a batter, grad sou goung et dësem Geescht,
Dofir hat ech näischt dogéint och, dass hie mir Gesellschaft leescht.
An de Geescht sot: "Grouss Gefiller — wien nach eppes dovun hält!
'Ech a mäint', mäi Frënd, ass éiweg d'Motto vun der ganzer Welt."
An e sot: "Wann s du wëlls frou sinn, winn der d'Dreeme séier of,
Stutz all deng Gedanke fläisseg op eng weltlech Gréisst erof.
Setz dech fir keen anere Mënsch an, wëll e Frënd ka jidderzäit
Sech op d'Säit vum Géigner schloen, an dann hätt der dach just Sträit.
Éier, Wouerecht a grouss Frëndschaft — wien nach eppes dovun hält!
'Ech a mäint', mäi Frënd, vergiess net, dat ass d'Motto vun der Welt.
Wou d'Gesellschaft vill ze soen huet, maach wéi all déi aner man;
Schéck däin i ni ouni Tëppelchen bei de Schoulmeeschter eran.
Kämpf géint d'Onrecht eréischt da wann dëse Kampf scho bal gewonn
Wien vun dir en Don wëllt kréien, soll spendéiere mol eng Ronn.
Wouerecht a Courage an Éier — domm, wien dovun eppes hält!
'Ech a mäint', mäi Frënd, vergiess net, dat ass d'Motto vun der Welt.
Kloter nimools d'Ruhmeslieder, déi sou wackeleg vrun dir rëtscht,
Soss huet liicht e béisen Tallek dir vun uewen d'Fangere g'quëtscht;
Oder d'Toperte vun ënnen, déi däi Succès net verdro'n,
Rëselen d'Lieder, dass de 'rof fäls, fir dech nach vill méi ze plo'n.
Zensur a Luef vun anere Leit, jee — wien nach eppes dovun hält!
'Ech a mäint', mäi Frënd, vergiess net, dat ass d'Motto vun der Welt.
An de kreative Stroum, dee rappt dech mat an hëlt der d'Rou,
Batter Tréinen dinn dem Häerz wéi, dat ze hoffnungsvoll geschlou.
D'Feier, dat am Dichter brennt, kritt gär eng äiskal Dusch verpasst
An de Kritiker hiert Urteel rappt an d'Häerz en déiwe Rass.
Déi Bekanntheet, déi dir d'Konscht bréngt — wien nach eppes dovun hält!
'Ech a mäint', mäi Frënd, vergiess net, dat ass d'Motto vun der Welt.
Bleif ewech vu Léift, déi lackeleg a mat falscher Stëmm dech rifft
Staark an nëtzlech Liewe si schonn duerch si op der Streck mol bliff.
An déi Léift, déi s du ze ginn hues, ass keen eenz'ge Sou derwäert
Setz op däi Pleséier éischter, dat ass e méi séchert Päerd
Wéi déi Sich no richt'ger Léift, nee, wien nach eppes dovun hält!
'Ech a mäint', mäi Frënd, bleift éiweg d'Motto vun der ganzer Welt."
Domat war en endlech roueg, huet mech ganz gespaant bekuckt,
Mee op eemol ass eng giedlech Ofneigung duerch mech gezuckt:
Säi Gesiicht war béis a grausam, dat hunn ech ganz kloer gesinn
A säin Otem war wéi Gëft mir, 't huet der Séil e Schudder ginn.
An du wosst ech, dass hien uerg wier, well wien näischt vu guer näischt hält
Gëtt e schlechten Numm der Mënschheet, sou vill wosst ech vun der Welt.
Dunn ass hie verschwonnen, an en aanre Geescht huet d'Strooss erhellt —
"Gëff näischt drop," sot si, "et gëtt dach sou vill Schéines op der Welt,
Wie mat Freed a guddem Wëllen an der Welt no uewe klëmmt
Gëtt net 'rof gehäit, dat ass dach, just de Feiglinge bestëmmt.
All déi zynesch, gëfteg Wierder — wien nach eppes dovun hält!
'Komerodschaft, Léift an Éier!' — dat ass d'Motto fir eis Welt."
Den Ufank vum Gedicht erënnert staark un dem Jacques Prévert säin Le désespoir est assis sur un banc aus dem Gedichtband Paroles vun 1946. Wéi beim Prévert mécht den Erzieler de Feeler, engem mëssmuddegen, défaitistesche Geescht nozelauschteren ‒ mat anere Wierder, ze vill sengen eegenen negative Gedanken nozehänken ‒ e Kreeslaf, aus dem et schwéier ass erauszekommen. Mä am Géigesaz zu Le désespoir kritt dëst Gedicht an de leschten zwou Strophen eng gutt Wendung: den Erzieler erkennt, dass de Geescht Gëft fir seng Séil ass a lauschtert op eng méi positiv agestallten ënner Stëmm, déi "d'Strooss erhellt".
Wat mer um Lawson sengem Wierk am Beschte gefält ass déi positiv Grondastellung, déi ëmmer erëm um Enn vun all Gedicht duerchschéngt. Egal wat fir schwaarz Wolleken sech iwwert seng Gedanke leeën, leschten Enns si se dach just dofir do, fir déi hell Strale vun der Hoffnung an der Zouversiicht nach méi ervirstiechen ze loossen. D'Ageständnis vun der Däischtert als Hannergrond fir de wichtegste Message vun allen: Looss d'Liicht eran.
The Ghost
Down the street as I was drifting with the city's human tide,
Came a ghost, and for a moment walked in silence by my side —
Now my heart was hard and bitter, and a bitter spirit he,
So I felt no great aversion to his ghostly company.
Said the Shade: "At finer feelings let your lip in scorn be curled,
'Self and Pelf', my friend, has ever been the motto for the world."
And he said: "If you'd be happy, you must clip your fancy's wings,
Stretch your conscience at the edges to the size of earthly things;
Never fight another's battle, for a friend can never know
When he'll gladly fly for succour to the bosom of the foe.
At the power of truth and friendship let your lip in scorn be curled,
'Self and Pelf', my friend, remember, is the motto of the world.
Where Society is mighty, always truckle to her rule;
Never send an 'i' undotted to the teacher of a school;
Only fight a wrong or falsehood when the crowd is at your back,
And, till Charity repay you, shut the purse, and let her pack.
At the fools who would do other let your lip in scorn be curled,
'Self and Pelf', my friend, remember, that's the motto of the world.
Ne'er assail the shaky ladders Fame has from her niches hung,
Lest unfriendly heels above you grind your fingers from the rung;
Or the fools who idle under, envious of your fair renown,
Heedless of the pain you suffer, do their worst to shake you down.
At the praise of men, or censure, let your lip in scorn be curled,
'Self and Pelf', my friend, remember, is the motto of the world.
Flowing founts of inspiration leave their sources parched and dry,
Scalding tears of indignation sear the hearts that beat too high;
Chilly waters thrown upon it drown the fire that's in the bard;
And the banter of the critic hurts his heart till it grows hard.
At the fame your muse may offer let your lip in scorn be curled,
'Self and Pelf', my friend, remember, that's the motto of the world.
Shun the fields of love, where lightly, to a low and mocking tune,
Strong and useful lives are ruined, and the broken hearts are strewn.
Not a farthing is the value of the honest love you hold;
Call it lust, and make it serve you! Set your heart on nought but gold.
At the bliss of purer passions let your lip in scorn be curled,
'Self and Pelf', my friend, shall ever be the motto of the world."
Then he ceased and looked intently in my face, and nearer drew;
But a sudden deep repugnance to his presence thrilled me through;
Then I saw his face was cruel, by the look that o'er it stole,
Then I felt his breath was poison, by the shuddering of my soul,
Then I guessed his purpose evil, by his lip in sneering curled,
And I knew he slandered mankind, by my knowledge of the world.
But he vanished as a purer brighter presence gained my side —
"Heed him not! there's truth and friendship in this wondrous world," she cried,
"And of those who cleave to virtue in their climbing for renown,
Only they who faint or falter from the height are shaken down.
At a cynic's baneful teaching let your lip in scorn be curled!
'Brotherhood and Love and Honour!' is the motto for the world."
The beginning of this poem reminds me of Le désespoir est assis sur un banc [Despair is sitting on a bench] by French poet Jacques Prévert, first published in 1946 in his poetry collection Paroles. In both texts, the narrator makes the mistake to listen to a grumbling, defeatist ghost ‒ in other words, they give too much credence to their own negative thoughts ‒ a vicious circle which is hard to break. But contrary to Prévert's poem, Lawson's story takes a turn for the better: in the last two stanzas, the narrator realises what a nefarious influence these ideas have on his soul and he decides to turn his attention to a more upbeat, "brighter presence at his side."
What I find most attractive about Lawson's poetry is the positive vibe that unfailingly permeates the end of each poem. No matter how bleak the clouds that blacken his thoughts, they only serve as a meaningful contrast to the burning blaze of hope and trust that unfurls across the sky. The acknowledgement of darkness as a canvas to the most important message of all: Let there be light.