Deemools, wéi d'Welt nach sou wäit
Eis Welt ass enk an all d'Weeër kuerz
an eist Liewe gemittlech, fad.
Näischt Neits bei de Leit am Dag oder nuets,
a nach manner um rouege Pad.
Grouss oder kleng, déi selwecht al Saach
op endloser Strooss wéi et schéngt —
De fräie Geescht huet dat alles esou sat,
dee vun deemools, wéi d'Welt wäit war, séngt.
Wéi den Norde jonk a gesond mir gesinn
an de Süden a Westen nei
An den herrlechen Osten eng Pantomime
an den Aen vun deem Kand elei.
Wéi Spuenien d'Well vum Fortschrëtt geritt,
bei de Stolze sech stolz agereit,
An alles war wonnerbar, nei, ongeschitt,
deemools, wéi d'Welt nach sou wäit.
Wéi e Mann gekämpft, fir dat wat e wollt,
trei dem Courage, deen e spiert —
Fir seng Léift, seng Éier, fir Muecht oder Gold,
wat ëmmer säin Häerz begiert.
Fir d'Famill géing en alles an nach méi man,
't gouf stolz an den Doud sech gehäit,
Oder fort vun Trauer, Onrecht a Schan,
deemools, wéi d'Welt nach sou wäit.
Hir Schëffer si si gefuer esou wäit
éier d'Wëssenschaft d'Rudder am Grapp,
Wéi de staarke Geescht vun den dapere Leit
op der Welt nach net esou knapp.
Einfach drop lass, egal wat dann ass —
de Wand decidéiert de Sträit —
Si halen all Zort vu Geforen de Bass
deemools, wéi d'Welt nach sou wäit.
Si hunn nei Stären um Mier gesat,
hiert Häerz mat Ehrfurcht erhellt;
Si koumen op munchen drolege Pad,
hu Wonner gesinn op der Welt.
Déi doheem ware baff, wa se dovu gezielt —
al Aen hu vu Stolz geblénkt —
Dass d'Gold op der Strooss louch a wëlle Stied
deemools, wéi d'Welt wäit geschéngt.
'T war anstännegt Eisen an anstännegt Holz
deemools, wéi d'Leit net gezéckt,
Hir Schëffer zolidd, mat Courage a Stolz —
sou hu se sech d'Welt entdeckt.
Den Uféierer war ze beneide dann,
dee "Mir no!" an d'Schluecht sech gehäit —
Si hu sech beholl a gekämpft wéi e Mann
deemools, wéi d'Welt nach sou wäit.
Fräi Mënschen ze sinn — si haten de Mutt
a ware méi glécklech wéi mir
An der glorräicher Zäit vu Wäin a Blutt
wéi d'Fräiheet geseegelt no vir.
Du waars treie Frënd oder Géigner dann
an däi Schwäert war bereet allzäit —
Du hues dech beholl a gekämpft wéi e Mann
deemools, wéi d'Welt nach sou wäit.
A Kurs geholl op dat Südlecht Mier
op de Liichttuerm vu Ballarat,
Mat "Schëff ahoi!" an dem Wand no vir,
mat "Wouhin?" a "Wat ass dat?" —
Den Auswandererzuch no New Mexico —
all wollten s'op Lachlan Side —
Ah! D'Echo verkléngt vun "No Westen elo!"
aus den Deeg, wéi eis Welt nach sou wäit.
Süd, Ost a West war der Zäit viraus —
a jo! och gedanklech net schwaach
Déi daper Leit ware mënschlech grouss —
a wat hu mir draus gemaach?
En aarmséilegt Liewen, sou danke mir
dem gottgläiche Geescht deen donidder läit
Mam Streik zu Eureka, laang ass et hir —
deemools, wéi d'Welt nach sou wäit.
Mir kämpfe wéi Memmen, a fillen eis sou;
eis Gedanken am Häerz agespaart;
Den Zorn vun de Gëtter léisst eis a Rou,
mä d'Gepicks vun dem Feigling trëfft haart.
Verluge Wierder, hann'rëm wou e kann,
sinn d'Waffe vum Fäertert am Sträit —
An d'Aen sech gekuckt a gekämpft wéi e Mann
huet een deemools, wéi d'Welt nach sou wäit.
Kuck op däi Liewen — an denk driwwer no!
Betruecht deng Frënn, däi Verdross!
Betruecht wat war! An dann eréischt so:
"Ass et haut wierklech besser wéi soss?"
Déi klenglech Rancune, de verletzte Stolz,
e Liewe vergëft vu Sträit,
Wann s de och verléiers, du hues et probéiert
deemools, wéi d'Welt nach sou wäit.
Téin vu Komerodschaft alt nach eng Ronn
— erbäermlech, gehässeg, lous —
Echt Frëndschaft déi fillt sech eng Zäitlaang schonn
vu sou Riede ganz ofgestouss.
't war Plaz an der Virhutt, an éischter Ronn,
fir ze kämpfen dofir, Säit u Säit —
't war Plaz fir ze ootmen am Häerz vun all Mann
deemools, wéi d'Welt nach sou wäit.
*****
Laang, langweileg Deeg, op e Stonneloun gepacht,
e Joer getakt nom Wecker:
Ass dat d'Resultat vun der Englescher Macht? —
d'grousst Zil vun de Weltentdecker?
Ass dat de Schluss vu "Go West, dajee!" —
vun der grousser "Dat geet schonn"-Zäit?
D'Häerz vum Rebell äntwert dorobber "Nee!
Mir kämpfe, bis d'Welt erëm wäit!"
Mir man eis Welt erëm grouss a wäit —
well d'Zeechen dofir sinn do:
No Ost an Nord gëtt d'Onrecht gehäit
dat no Süden a Weste koum no.
De Marsch fir d'Fräiheet fréi muerges steet fest!
Komm, 't ass "Dat geet schonn"-Zäit!
Al Exilante, laaft mat am Protest!
Laaft, bis eis Welt erëm wäit!
An dësem Gedicht léisst de Lawson eng laang vergaangen Ära Revue passéieren, eng mythesch Zäit vu Courage an Heldemutt, an där d'Mënschen nach Dreem haten a se verwierkleche wollten. Mat engem Clin d'oeil op d'Entdecker aus allen Zäiten an Natiounen erënnert de Lawson souwuel un d'Konquistadoren, déi dat Spuenescht Welträich begrënnt hunn, wéi och un d'Abenteurer, déi wärend dem Goldrausch an der Mëtt vum 19. Joerhonnert all hir Hoffnung an d'Sich no engem neien Eldorado gesat hunn. De Ruff Go West huet net nëmme Leit aus Nei England no Kalifornien an New Mexico gezunn, et huet een en och an de Stied un der Ostküst vun Australien héieren, wéi se zu Ballarat am Staat Victoria an um Floss Lachlan an New South Wales Gold fonnt hunn.
Dat ass den Abenteuergeescht, deen de Lawson bei senge Landsleit nei entfache wollt, andeems e se un d'Mentalitéit vun hire Virfahren erënnert huet, déi op Gefaangenentransporter an en onwiertlecht Exil um aneren Enn vun der Welt gezwong gi sinn. Mat der Zäit hu sech dës éischt europäesch Siidler doënnen e fräit Liewen an engem neie Land opgebaut. Wéi de Lawson säi Gedicht geschriff huet, war — wéi hätt et och anescht sollte sinn — de produktiven Anarchismus a Pionéiergeescht aus der éischter Zäit schonn an de Gesetzer an Dekreter vun de Machthaber, déi domat hire Besëtz konsolidéiere wollten, erstarrt.
Den Dichter huet gehofft, a senge Lieser de "gottgläiche Geescht" vum Streik zu Eureka rëm zum Liewen z'erwächen. Deemools haat sech eng Grupp vu Goldgriewer am Viruert Eureka bei Ballarat géint d'Regierung gestallt, déi op deem onerschlossene Land direkt Lizenze verdeelt a Steieren erhoff hat. Dëse couragéierten Akt vun zivillem Ongehorsam huet zum Walgesetz vun 1856 gefouert, an deem en allgemengt a geheimt Walrecht fir alleguer d'Männer am Staat Victoria festgeluecht gouf.
Den Henry Lawson huet säi Gedicht am Dezember 1894 geschriff. Den 18. Dezember 1894 hunn d'Frae vu Südaustralien als éischt Australierinnen dat passiivt an aktiivt Walrecht krut. Et ass keen Zoufall, dass de Schrëftsteller seng Lieser opfuerdert, sech "fréi muerges" — am Original heescht et "by the Dawn", also bei Sonnenopgank — zu enger Fräiheetsdemonstratioun ze versammelen. Ëmmerhin huet senger Mamm hir Zäitschrëft The Dawn zanter Joren fir d'Fraerechter gestridden. An esou ass dëst Gedicht trotz sengem ganzen heldenhafte Männerbravado näischt anescht ewéi en Opruff fir Fräiheet a Selbstbestëmmung fir all d'Mënschen, Fraen esou gutt ewéi Männer.
In the Days When the World was Wide
The world is narrow and ways are short
and our lives are dull and slow
For little is new where the crowds resort
and less where the wanderers go.
Greater, or smaller, the same old things
we see by the dull road-side —
And tired of all is the spirit that sings
of the days when the world was wide.
When the North was hale in the march of Time
and the South and the West were new
And the gorgeous East was a pantomime
as it seemed in our boyhood’s view
When Spain was first on the waves of change
and proud in the ranks of pride
And all was wonderful, new and strange
in the days when the world was wide.
Then a man could fight if his heart were bold
and win if his faith were true —
Were it love, or honour, or power, or gold
or all that our hearts pursue.
Could live to the world for the family name
or die for the family pride
Could fly from sorrow, and wrong, and shame
in the days when the world was wide.
They sailed away in the ships that sailed
ere science controlled the main
When the strong, brave heart of a man prevailed
as ’twill never prevail again.
They knew not whither, nor much they cared —
let Fate or the winds decide —
The worst of the Great Unknown they dared
in the days when the world was wide.
They raised new stars on the silent sea
that filled their hearts with awe;
They came to many a strange countree
and marvellous sights they saw.
The villagers gaped at the tales they told,
and old eyes glistened with pride —
When barbarous cities were paved with gold
in the days when the world was wide.
'Twas honest metal and honest wood,
in the days of the Outward Bound,
When men were gallant and ships were good —
roaming the wide world round.
The gods could envy a leader then
when "Follow me, lads!" he cried —
They faced each other and fought like men
in the days when the world was wide.
They tried to live as a freeman should
— they were happier men than we,
In the glorious days of wine and blood,
when Liberty crossed the sea;
'Twas a comrade true or a foeman then,
and a trusty sword well tried —
They faced each other and fought like men
in the days when the world was wide.
The good ship bound for the Southern seas
when the beacon was Ballarat,
With a "Ship ahoy!" on the freshening breeze,
"Where bound?" and "What ship’s that?" —
The emigrant train to New Mexico —
the rush to the Lachlan Side —
Ah! faint is the echo of Westward Ho!
from the days when the world was wide.
South, East, and West in advance of Time —
and, ay! in advance of Thought
Those brave men rose to a height sublime —
and is it for this they fought?
And is it for this damned life
we praise the god-like spirit that died
At Eureka Stockade in the Roaring Days
with the days when the world was wide?
We fight like women, and feel as much;
the thoughts of our hearts we guard;
Where scarcely the scorn of a god could touch,
the sneer of a sneak hits hard;
The treacherous tongue and cowardly pen,
the weapons of curs, decide —
They faced each other and fought like men
in the days when the world was wide.
Think of it all — of the life that is!
Study your friends and foes!
Study the past! And answer this:
"Are these times better than those?"
The life-long quarrel, the paltry spite,
the sting of your poisoned pride!
No matter who fell, it were better to fight
as they did when the world was wide.
Boast as you will of your mateship now
— crippled and mean and sly —
The lines of suspicion on friendship's brow
were traced since the days gone by.
There was room in the long, free lines of the van
to fight for it side by side —
There was beating-room for the heart of a man
in the days when the world was wide.
*****
With its dull, brown days of a-shilling-an-hour
the dreary year drags round:
Is this the result of Old England's power? —
the bourne of the Outward Bound?
Is this the sequel of Westward Ho! —
of the days of Whate'er Betide?
The heart of the rebel makes answer "No!
We’ll fight till the world grows wide!"
The world shall yet be a wider world —
for the tokens are manifest;
East and North shall the wrongs be hurled
that followed us South and West.
The march of Freedom is North by the Dawn!
Follow, whate'er betide!
Sons of the Exiles, march! March on!
March till the world grows wide!
In this poem, Henry Lawson pays homage to a bygone age of bravery and derring-do, a seemingly better time when people dared to dream and act upon their dreams. In a nod to explorers of all nations and creeds, Lawson references the conquistadors who built the Spanish Empire as well as the adventurers who, during the gold rushes of the mid-19th century, hoped to strike it lucky in their search for the fabled El Dorado. The call Westward Ho not only drove people from New England to California and New Mexico, it was also heard in the towns on the Eastern shore of Australia, when gold was found further inland in Ballarat, Victoria, and on the Lachlan River in New South Wales.
Lawson aims to rekindle that enterprising spirit in his fellow countrymen by reminding them of the character of their ancestors who were forced on convict transports to be exiled to a far-away and inhospitable country. These first European settlers eventually built a life for themselves as free men in a new land down under. By the time Lawson wrote this poem, the fruitful anarchy and pioneering spirit of the early days had however, as always, calcified into the laws and decrees of the powerful, who thus sought to protect and consolidate their assets.
The poet however hoped to rouse in his readers the "god-like spirit" of the Eureka Stockade, when a group of gold miners in the town of Ballarat rebelled against a far-away government claiming taxation rights to hitherto unexplored lands. This brave act of public defiance led to the Electoral Act of 1856, in which the male population of Victoria gained the universal right to vote by secret ballot.
Henry Lawson wrote this poem in December 1894. On 18 December 1894, the women of South Australia were the first on the continent to gain passive and active voting rights. It is no coincidence that the poet entices his readers to assemble "by the Dawn" for a march for freedom. After all, his mother's magazine The Dawn had been lobbying for women's rights for years. And so the poem, for all its heroic imagery of male bravado, is really a call for freedom and self-determination for all people, men and women.