logo
Search:

Dem Véidreiwer seng Freiesch

 
Hei héiert der déi geschwate Versioun.
 

 
Wéi ëmmer a leschter Zäit, eng Stonn
Vru Sonnenënnergang
Dréinen ech dobaussen nach meng Ronn
A bréngen d'Kéi eran;
Soss sutz ech roueg bei dem Pad
An hu gewaart op d'Nuecht
Well deen, deen ech esou gär dach hat
huet deemools d'Véi era bruecht.
 
Den Haff huet ronderëm en Zonk
An d'Grass dertëscht ass gréng
Duerch d'Staange wiisst en décke Stronk
An drop eng raschteg Péng;
Soss stoung hien owes bei dem Trach
Seng Speechelen hu gelaacht —
Hien huet gutt zwielef Kéi gestrach
Éier ech dräi fäerdeg hat.
 
Haut sträich'n eleng ech eelef där —
Soss war bei véier Rou —
Ech don de Krou op d'Etagère
An d'Dir derhannert zou;
Éier d'Dagesliicht ganz ënnergoung
Blénkt Feier um Himmelsrand,
Da setzen ech mech op den Zonk
A kucken d'Trëtt am Sand.
 
Zwee Kusse krut ech, dräi, dunn ass
Hien iwwert d'Kopp geridd,
Ech héieren d'Hufen nach, an 't ass
wéi wann et haut geschitt.
A Stëbs an Hëtzt goung hie vu mir
En ass scho laang ewech,
Bei killer Owesloft dofir
Kënnt hien nees zréck bei mech.
 
E kënnt rëm heem, dee vu mer goung —
Ech krut e Bréif vun him
Wéi d'Héichwaasser am Darling stoung,
'T schéngt éiweg hier ze sinn.
Hie kënnt duerch endlos Matsch a Schlamm,
De Wee ass wierklech schlëmm,
De Floss steet wäit an d'Feld eran
Ëmt Bourke all ronderëm.
 
Am Bréif stoung, d'Waasser wier sou héich
Den Dall ass ofgeschnitt
A wann een d'Klauefäul geséich,
D'Schof hunn 't zu honnert kritt.
Si stierwen eent nom anere fort,
'T ass wäit vun do an d'Stad,
Hien huet mat Méi deen Deel geort
Deen d'Krankheet nach net hat.
 
Hie muss fir d'Käschte riicht lo stoen,
D'Pech ass mat him gefuer,
Amplaz vill Geld dervun ze droen
Huet hien et all verluer.
Gott weess, wéi hien sech lo muss ploen
(Oh Tréinen, haalt dach stéil)
E sot — e sot — hie kinnt — verstoen
Wann ech — hien — net méi — wéilt.
 
Wéi wann ech nëmme wéinst dem Geld
Fir ëmmer Säint wéilt sinn;
Wou d'Léift vun enger Fra hifällt —
Dass d'Männer 't net verstinn.
Kéint ech hien eemol nach gesinn —
Säin Hond! An hien kuerz drop! —
(Kann ee vu Freed sou vu sech sinn?)
Hien kënnt — de Pad — erop!
 

 
Dat hei ass eent vun dem Henry Lawson sengen éischte Gedichter. Et ass fir d'éischt an der Kollektioun Deemools wéi d'Welt nach sou wäit, an aner Gedichter verëffentlecht ginn, mä en huet et schonn 1891 geschriff, wéi e knapps 24 Joer al war. Wéi ech et fir d'éischt gelies hunn, wosst ech, firwat se de Lawson de gréissten australesche Bush Poet nennen. Hie versteet et enorm gutt, déi onheemlech Rou an Einsamkeet vum stëbsegen australeschen Hannerland, bis un den Horizont platt ewéi en Duch, fir d'Lieser lieweg ze maachen.
 
A senger Jugend huet de Schrëftsteller eng Zäit am Outback gelieft. Seng Mamm a seng Gesëschter hunn zu Sydney gewunnt, mä hie selwer huet et geschwënn erëm zréck an d'Blue Mountains gezunn, an déi kleng Stad Mount Victoria, wou säi Papp eng Baufirma hat. Wéi deen 1888 gestuerf ass, ass de jonke Mann e puer Joer duerch New South Wales gewandert, huet Gedichter geschriff a sech säin Ënnerhalt als rouseabout verdéngt, dat heescht en huet all Zort vu Geleeënheetsjobs op de Farmen ënnerwee ugeholl. Sou ass en och an d'Géigend vu Bourke an Hungerford am dréchenen Nordoste vun New South Wales komm, wou sech dëst Gedicht ofspillt. D'Geschicht vum Pechvull Jack klengt wéi aus dem Liewe gegraff: de jonke Mann léisst seng Freiesch eleng op der Farm fir säi Gléck als Schoofsdreiwer ze probéieren, mä seng Déieren stierwen him zu Honnerten un der Klauefäul ewech, an zu gudder Lescht gëtt en och nach mam Rescht vun der Häerd duerch en Héichwaasser op dem Darling, dem gréisste Floss an där Géigend, opgehal.
 
Den dréchenen Nordweste vun New South Wales ass eréischt knapps drësseg Joer virdrun déi éischte Kéier vun Europäer exploréiert ginn, wéi de Robert Burke an de William Wills 1860 de ganzen Outback vu Melbourne am Süden riicht erop bis un d'Nordküst vu Queensland duerchwandert hunn. A senger Kuerzgeschicht Hungerford, déi 1893 an der Zäitschrëft The Bulletin erauskomm ass, beschreift de Lawson d'Géigend folgendermoossen:
 
"Eng verdaamt, verdréchent Wëldnes, an där net emol eppes huerelt. Wann ee wéinstens eppes géing huerelen héieren, da wär ee schonn erliichtert. Sou wäit ech weess, hunn de Burke an de Wills Hungerford gegrënnt, an hätten se dat nëmmen net gemaach; mä sollt ech jee um Graf vun deene Männer stoen, déi als éischt duerch dës Géigend gereest sinn, wéi et weder Stroossen nach Weestatioune gi sinn, an och keng Waassertanken, keng Pëtzen a keng Wiertschaften, dann — jo dann zéien ech mäin Hutt vrun hinnen. Wat waren dat couragéiert Männer deemools hei am Land."
 

 

The Drover's Sweetheart

 

 
An hour before the sun goes down
Behind the ragged boughs,
I go across the little run
And bring the dusty cows;
And once I used to sit and rest
Beneath the fading dome,
For there was one that I loved best
Who'd bring the cattle home.
 
Our yard is fixed with double bails,
Round one the grass is green,
The bush is growing through the rails,
The spike is rusted in;
It was from there his freckled face
Would turn and smile at me —
He'd milk a dozen in the race
While I was milking three.
 
I milk eleven cows myself
Where once I milked but four
I set the dishes on the shelf
and close the dairy door;
And when the glaring sunlight fails
The fire shines through the cracks,
I climb the broken stockyard rails
And watch the bridle-tracks.
 
He kissed me twice and once again
And rode across the hill,
The pint-pots and the hobble-chain
I hear them jingling still;
He'll come at night or not at all
He left in dust and heat
And when the soft cool shadows fall
Is the best time to meet.
 
And he is coming back again —
He wrote to let me know
The floods were in the Darling then
It seems so long ago.
He’d come through miles of slush and mud,
And it was weary work,
The creeks were bankers, and the flood
Was forty miles round Bourke.
 
He said the floods had formed a block
The plains could not be crossed
And there was foot-rot in the flock
And hundreds had been lost.
The sheep were falling thick and fast,
A hundred miles from town,
And when he reached the line at last
He trucked the remnant down.
 
And so he'll have to stand the cost,
His luck was always bad,
Instead of making more, he lost
The money that he had;
And how he'll manage, heaven knows
(My eyes are getting dim)
He says — he says — he don't — suppose
I'll want — to — marry — him.
 
As if I wouldn't take his hand
Without a golden glove;
Oh! Jack — you men won't understand
How much a girl can love.
I long to see his face once more —
Jack's dog! thank God, it's Jack! —
(I never thought I'd faint before)
He's coming — up — the track!
 

 
This is one of Henry Lawson's earlier poems. First published in the collection In the Days When the World was Wide and Other Verses, he wrote it in 1891, when he was about 24 years old. When I first read it, I understood why Lawson is called the greatest Australian bush poet. He's a master of conjuring up the eerie quiet and loneliness of the dusty Australian Outback, flat as a blanket, stretching endlessly onto the horizon.
 
In his youth, the poet spent some time in the Outback. After living for a while with his mother and siblings in Sydney, he soon returned to work for his father's construction business in the small town of Mount Victoria in the Blue Mountains west of Sydney. After his father's death in 1888, he spent the next few years travelling all over New South Wales as a rouseabout, writing poetry and supporting himself with odd farm jobs. Thus he also came to know the area around Bourke and Hungerford in the dry northeast of New South Wales, where the events in The Drover's Sweetheart are set. The story of the hapless Jack, who leaves his fiancée on the farm to try his luck as a sheep drover, only to find most of his flock killed by foot rot and the rest cut off by the unpredictable Darling River, feels like a real-life anecdote.
 
This area was first explored by Europeans only thirty years prior, when Robert Burke and William Wills crossed the Outback from Melbourne in the South all the way to the northern coast of Queensland. In his short story Hungerford, first published in The Bulletin in 1893, Lawson describes the area like this:
 
"[A] blasted, barren wilderness that doesn’t even howl. If it howled it would be a relief. I believe that Burke and Wills founded Hungerford, and it’s a pity they did; but, if I ever stand by the graves of the men who first travelled through this country, when there were neither roads nor stations, nor tanks, nor bores, nor pubs, I’ll — I’ll take my hat off. There were brave men in the land in those days."