Den ongebilten Dichter zu senge gebilte Kritiker
Kämpf géint Onwësse, Suerg a Leed —
Géint all Séilepéng, déi mer hunn
Kämpf dech duerch zu vill Geld a Freed
Da kuckt d'Welt dech mat Wäertschätzung un.
Dreem als Kand vun der Chance ze léieren —
Eng Chance, déi der d'Schicksal verwiert;
Een Diplom a gutt, brav Manéieren
Bréngt Rotschléi ganz ongebied.
Gebilt Frënn! Dir kommt ze spéit
Mat ärem Wee ouni Lach a Steng;
Ech krut se gemeeschtert nach alle béid
An ech packen de Rescht och eleng.
Wat stoppt är Unispaart mech dann hei
Op dem Liewenswee onerwaart?
Ass Léift an Haass deene Leit etwa nei
Déi hiert Gléck ouni héich Schoul gemaach?
Dir sicht no Wourecht am doudege Wuert —
An dem Stëbs vun dem ale Gebai!
Wat wësst dir wat mir scho gespuert?
Wat wësst dir am Fong vun de Leit?
"Lies dat hei, an dat do, an de Rescht,"
A schreif, wéi de Kult et verlaangt? —
Ech liesen zu wat ech grad Loscht,
A schreiwe wéi d'Häerz mir grad baangt!
Mat Strukturkritik gouf nach ni gezéckt
Um Text, dee meng Séil beréiert:
Deng Aen hate séier e "Stréch" erbléckt
Wou e Stréchpunkt dach higehéiert —
De Rescht war egal. A wéinst esoue Leit
Soll e Maulkuerf op meng Gefiller?
"Net geléiert genuch?" Ze vill gescheit,
fir dech klengen Ierbsenzieler.
Soll ech meng Bestëmmung ganz einfach opginn
Wëll en Nicki mir seet "Gëff lo Rou"?
Ech hunn dës Kraaft, wëll ech d'Liewe gesinn
An déi hallef Welt nach derzou.
Ech loossen iech an ärem Bildungsschlass
Do meckere géint Mann a géint Maus:
Bis är Stëmm méi haart ewéi d'Unismauer aus
Haalt iech aus eise Saachen eraus!
Den Henry Lawson war ni op enger Héichschoul. Schonn als Kand huet e léiwer fir sech an engem Eck e Buch gelies wéi mat deenen aneren an d'Schoul ze goen. Seng Léier- a Wanderjoer, déi e Mënsch am meeschte prägen – also déi Zäit vun Uechtzéng, Nonzéng an Ufanks Zwanzeg, wann Hoffnungen, Dreem an Iddien sech fir ëmmer an eisem Geescht festsetzen – huet de Lawson domat verbruecht, sech an den ofgeleeënste Géigende vun New South Wales mat Geleeënheetsjobs iwwer Waasser ze halen an d'Leit an hir Gewunnechten ze studéieren. Spéiderhin, wéi en zu London a Sydney gelieft huet, waren dës Biller a sengem Kapp him e fruchtbare Buedem fir seng Fantasie, eng Toile op déi e seng Gedichter a Kuerzgeschichte fixéiert huet. Wéi all déi, déi an d'Welt eraus gaang si fir ze liewen, ass hie léiwer op seng eegen Intuitioun gaang fir e Gedanken oder e Gefill auszedrécken, amplaz sech dréchene Konventiounen ze ënnerwerfen a mat ofgedroschene Formuléierungen ëm sech ze geheien. Den Dichter bréngt dat an dem Vers "Deng Aen hate séier e "Stréch" erbléckt / Wou e Stréchpunkt dach higehéiert —" perfekt op de Punkt. Dem Lawson seng laang Gedankestrécher loossen de Lieser richteg spieren, wéi den Erzieler gespaant den Otem unhält, wéi säin Häerz vu plëtzlecher Erliichterung e Sprong mécht. E laange Gedankestréch ass ewéi e feieregt Jo! zum Liewen, zum Striewen an zum Sprong an d'kaalt Waasser. (A wéi entzéckt war dëse Lieser eréischt, wéi en de süffisante laange Stréch um Enn vum Vers erbléckst huet!) Nëmmen e fantasielose Langweiler an "Ierbsenzieler", deen den Drama vun engem wëllen Häerz ni erlieft huet, kéint op déi Iddi kommen, de Gedankestréch duerch säin aarmséilege sophistiquéierte Stéifbrudder, de Semikolon, ze ersetzen.
Jojo, d'Schrëftsteller an d'Literaturkritiker – d'Macher an d'Widdersacher an der Welt vun der Literatur. Ech kennen déi zwou Säiten aus eegener Erfahrung, a kann den Henry Lawson nëmmen ze gutt verstoen.
The Uncultured Rhymer To His Cultured Critics
Fight through ignorance, want, and care —
Through the griefs that crush the spirit;
Push your way to a fortune fair,
And the smiles of the world you’ll merit.
Long, as a boy, for the chance to learn —
For the chance that Fate denies you;
Win degrees where the Life-lights burn,
And scores will teach and advise you.
My cultured friends! you've come too late
With your bypath nicely graded;
I’ve fought thus far on my track of Fate,
And I’ll follow the rest unaided.
Must I be stopped by a college gate
On the track of Life encroaching?
Be dumb to Love, and be dumb to Hate,
For the lack of a college coaching?
You grope for Truth in a language dead —
In the dust 'neath tower and steeple!
What know you of the tracks we tread?
And what know you of our people?
"I must read this, and that, and the rest,"
And write as the cult expects me? —
I’ll read the book that may please me best,
And write as my heart directs me!
You were quick to pick on a faulty line
That I strove to put my soul in:
Your eyes were keen for a ‘dash’ of mine
In the place of a semi-colon —
And blind to the rest. And is it for such
As you I must brook restriction?
"I was taught too little?" I learnt too much
To care for a pedant’s diction!
Must I turn aside from my destined way
For a task your Joss would find me?
I come with strength of the living day,
And with half the world behind me;
I leave you alone in your cultured halls
To drivel and croak and cavil:
Till your voice goes further than college walls,
Keep out of the tracks we travel!
Henry Lawson never received a formal college education. Even as a young boy, he preferred quietly reading books in a corner to going to school. He spent his formative years – his late teens and early twenties, when hopes and dreams and ideas are forever set in our minds – as an odd-job man wandering around the most arid and far-flung corners of New South Wales, observing people and their way of life. Later on when he mingled with the townfolk in London and Sydney, these treasured images in his head served as a backdrop to his inner world, a canvas to his poems and short stories. As all people who have truly experienced life and the world, he would follow his own intuition to convey a thought or a feeling, instead of submitting to dry, conventional tropes. This is brilliantly summed up in the line "Your eyes were keen for a ‘dash’ of mine / In the place of a semi-colon —". Lawson's dashes conjure up a breath held in anxious anticipation, a heartbeat skipped in sudden, boundless relief, an audacious nod to strength and strife and derring-do. (Oh, and the malicious delight of this reader, upon spotting the cheerful dash right at the end of this line!) Only an unimaginative tame "pedant" who has never experienced any strong emotion of the heart would think of suggesting to replace this dash by its effete erudite stepbrother, the semi-colon.
Ah yes, authors and scholarly critics – the doers and the shooers of the literary world. Having travelled both realms, I feel with Henry Lawson on this one.