Trotz allem
Déi bruckeg Geeschter hu sech verzunn
aus australeschem Busch a Stad,
Ech liewen rëm op an der Muergessonn,
nodeems ech eng Doudesnuecht hat.
An d'Waasser am Floss fléisst rëm héich a staark
an och d'Gras ass gréng heiheem,
Ech gleewen rëm drun, dass eis Welt gutt ass
an och schéin, trotz alledeem.
Kloer Leidenschaft a verdreemten Aen
an eng éierlech Säit gelies,
E wohlege Schudder am kalen Häerz
an e Feier scho bal vergiess,
E Lidd, dat dem Frënd säin Häerz erwiermt
an eng Tréin aus Stolz vergoss —
A meng Séil ass staark! an dës Welt ass mir
haut trotz allem erëm e Genoss!
Looss eis Géigner hir droleg Weeër goen,
si hunn et esou gewollt
(Et ass een dacks rose mat aller Welt,
mee am Fong ass 't déi eege Schold)
Looss dat Schwaarzt am Vergaangenen däischter sinn,
dat Hellt bleift Erënnerung,
Sou bleift mer trotz allem de Glaf un dat Gutt,
un deem ech dach ëmmer hung.
Vläicht hunn ech alles richteg gesinn,
oder net, wie kann dat scho son,
Ech riichte mäi Bléck op den neien Dag,
Sollt der Däiwel hannert mer ston!
Soll der Däiwel dach hannert mer stoen,
ech kucken net op säi Schied,
Well d'Liicht am Himmel mécht d'Welt trotzdeem gutt,
Dat ass et, wat d'Häerz begiert.
Rascht, well deng Aen si midd, mäi Léift, —
an dat Schlëmmst hues de fortgedriff —
Dat Bild vun deem Mann, deen ech hätt kënne sinn
ass aus mengem Häerz geschriff.
Mir huelen dat Bescht, wat d'Liewe bréngt,
bis déi éiweg Nuecht do ass,
Mat neiem Mutt, dass eis Welt, mäi Léift,
trotz allem eng gutt Welt ass.
De Lawson huet säi ganzt Liewen erduerch mat Depressioune gekämpft. An dësem Gedicht aus senger éischter Gedichtsammlung Deemools wéi d'Welt nach sou wäit, an aner Gedichter vun 1896 beschreift hien déi enorm Erliichterung um Enn vun enger schlofloser Nuecht voll schwaarzer Gedanken, an där en u verpasste Chancen a laang vergaangenen Decisioune geklännert huet.
De Rhythmus vum Gedicht ass andrénglech, beschwörend, wéi e Rad, dat onermiddlech dréint, erop an erof an erëm erop. E passt wonnerbar op d'Stëmmung, déi de Lawson beschreift, d'Schwanken tëscht däischter, verzweiwelt Gedanken an dem hoffnungsvolle Glawen un e besseren Dag. Och d'Biller spille mat der selwechter kompromëssloser Dualitéit: e kaalt Häerz an de wohlege Schudder vum Feier, Kloen iwwert déi ongerecht Welt bei gläichzäiteger Selbstkasteiung, den neien Dag am Bléck an den Däiwel hannert him, an ëmmer erëm: Liicht an Däischtert.
An der leschter Stroph gi mer gewuer, wien dem Dichter duerch déi schlëmm Nuecht gehollef huet: eng Fra, déi hie voller Dankbarkeet "mäi Léift" (am Original my girl) nennt. Villäicht handelt et sech bei där Vertrauten ëm seng Fra Bertha, déi en 1895 kennegeléiert a kuerz drop, am Joer vun der Verëffentlechung vum Gedicht, bestuet huet.
De Kampf géint d'Melancholie a Selbstzweiwel spillt och an aneren Texter vum Lawson eng grouss Roll. D'Thema vum "Mann, deen en hätt kënne sinn" kënnt an dëser Compilatioun nach emol erëm am Gedicht Wat hätt kënnen aus eis ginn.
After all
The brooding ghosts of Australian night
have gone from the bush and town,
My spirit revives in the morning breeze,
though it died when the sun went down.
The river is high and the stream is strong,
and the grass is green and tall,
And I fain would think that this world of ours
is a good world after all.
The light of passion in dreamy eyes,
and a page of truth well read,
The glorious thrill in a heart grown cold
of the spirit I thought was dead,
A song that goes to a comrade's heart,
and a tear of pride let fall —
And my soul is strong! and the world to me
is a grand world after all!
Let our enemies go by their old dull tracks,
and theirs be the fault or shame
(The man is bitter against the world
who has only himself to blame)
Let the darkest side of the past be dark,
and only the good recall,
For I must believe that the world, my dear,
is a kind world after all.
It well may be that I saw too plain,
and it may be I was blind,
But I'll keep my face to the dawning light,
though the devil may stand behind!
Though the devil may stand behind my back,
I'll not see his shadow fall,
But read the signs in the morning stars
of a good world after all.
Rest, for your eyes are weary, girl —
you have driven the worst away —
The ghost of the man that I might have been
is gone from my heart to-day.
We'll live for life and the best it brings
till our twilight shadows fall,
My heart grows brave, and the world, my girl,
is a good world after all.
Henry Lawson was fighting a life-long battle against depression. In this poem, published in 1896 in his first poetry collection In the Days When the World was Wide and Other Verses, he describes the great relief when a sleepless night full of dark thoughts about lost chances and long-gone decisions finally draws to an end.
The rhythm of the poem is insistent, reminiscent of an incantation, like a wheel that turns on and on, up and down and up again. It perfectly fits the mood that Lawson wants to convey, torn between dark despair and hopeful longing for a better day. The poem's imagery shows a similar uncompromising dichotomy: the heart grown cold versus the glorious thrill of the spirit, bitterness against the world while indulging in self-flagellation, the sight of the dawning day with the devil lurking in the back, and time and time again: light and darkness.
In the last stanza, we are told who helped the poet through the dreadful night: a friend, whom he calls full of gratitude "my girl". Maybe the "girl" was his wife Bertha; they had met in 1895 and married around the time that the poem was published.
The battle against melancholy and self-doubt is a recurring topic in Lawson's works. Thus the idea of the "man that he might have been" is further explored in the poem The Men We Might Have Been from the present collection.