logo
Search:

 

Buch an Aarbechtsheft an engem. Dem Nicolas Gonner säi Privatexemplar vun »Onserer Lider a Gedichter«


 
E Buch ass am Allgemenge net esou interessant fir en Archivist wéi zum Beispill e Manuskript, well Bicher vun hirer Natur hir vervillfältegt Kopie sinn, a keng Unikater. Wat also mécht dëst Exemplar vum Gedichtband Onserer Lider a Gedichter esou besonnesch, dass et als Objet du mois vum Dezember 2022 virgestallt gëtt?
 
Den Nicolas Gonner ass 1872 an Amerika ausgewandert, huet säi Beruff als Stroossebauingenieur opginn an eng nei Carrière als Literat entaméiert. A sengem klenge Verlag zu Dubuque, Iowa, huet en net nëmmen eng däitschsproocheg Zeitung, dʼLuxemburger Gazette, erausbruecht, mä sech och mat Begeeschterung fir déi jonk Lëtzebuerger Literatur agesat, z. B. 1879 mat der Publikatioun vun Onserer Lider a Gedichter, enger Compilatioun vu Wierker vum Méchel Lentz, Edmond de La Fontaine, N. S. Pierret an aneren zäitgenësseschen Auteuren. De Band enthält och eng Rei Titele vum Gonner selwer a vum N. E. Becker, engem Miseler, deen als Farmer am Wisconsin gelieft huet.
 
Onserer Lider a Gedichter huet knapps 100 Säiten. Dem Nicolas Gonner säi Privatexemplar ass awer e gutt Stéck méi déck. Nom »Inhalt« (S. 103) kommen nach iwwer honnert an dʼBuch agebonne Säiten, op deenen de Gonner Zeitungsausschnëtter agepecht an Dosende vu Gedichter handschrëftlech festgehalen huet. Den Optakt mécht Aus dem Kuobeland, publizéiert am Luxemburger Wort vum 14. Februar 1880, signéiert PATTI. Wie sech hannert dem Pseudonym verstoppt wësse mer net. Drënner huet de Gonner dʼGedicht Oin dʼNoicht vum Jacques Diedenhoven niddergeschriwwen, mat der Umierkung, dass dëst eng Iwwersetzung vum Theodor Körner sengem Wierk Gute Nacht ass. Als nächst kënnt en Extrait aus dem bekannten Hämelmôuslied – de Gonner notéiert »Echternacher Dialekt« driwwer. Déi nächst fënnef Säiten hëlt eng handschrëftlech Versioun vum Diedenhoven sengem Bittgang no Conter an, datéiert op den 10. Juni 1830, an dono gesi mer dem Dicks säi Lidd Verzweifelonk fun engem Papp. Op der Säit 112 kënnt dann en éischt Gedicht vum N. E. Becker, Zwe Biller, dat den 23. Mäerz 1880 an der Luxemburger Gazette verëffentlecht ginn ass. Viru geet et mat enger Rëtsch Gedichter vum Becker a Gonner, déi alleguer ëm déi Zäit am Gonner senger Zeitung erauskoumen.
 
Besonnesch interessant gëtt et mat enger Rei handschrëftlecher Gedichter, déi vun Der Engel des Herren ugefouert ginn, engem Wierk vum Gonner selwer iwwert dʼOwesklack, datéiert op de Mee 1880 (S. 125/126). Dat nächst Stéck, Si bleiwe wat mir sin – e politescht Gedicht iwwert dʼ»Vulleparlament« zu Lëtzebuerg, an deem de Gonner e Mangel u Réckgrat an der Politik beklot (»Ons Herren danzen no der belscher Peif / Sie sprange, wéi de Bismark geet«) – schengt zwar onverëffentlecht bliwwen ze sinn. Vill anerer par conter, wéi dem Becker säin De blanne Jong (S. 136/137), bei deem de Gonner vill duerchsträicht a verbessert, huet hien 1883 a säi Gedichtband Prairieblummen opgeholl.
 
Dëst Exemplar vun Onserer Lider a Gedichter ass also näischt anescht wéi en Aarbechtsheft fir dʼPrairieblummen, an deem mer fréi Versiounen fannen, déi spéider iwwerschafft oder ganz ewech gelooss gi sinn. Dat lescht datéiert Gedicht ass Deitsch se mer Deitsch bleiwe mer vum 1. September 1881, dono komme just nach zwee Wierker vum J. B. Nau ouni Datum. Insgesamt si vun den 62 Prairieblumme-Gedichter 35 am Privatexemplar dran, an duerch dem Gonnner seng Annotatioune kann een dʼEntstehungsgeschicht vum Buch richteg gutt novollzéien. Do soll nach ee soen, et däerft een net a Bicher schreiwen.
 

 

back